Mir hunn de Bols gefilltZu Metz freeën d'Leit sech op de Besuch vum Poopst

Marc Hoscheid
De leschten Dag vum Leo XIV. senger Visitt a Frankräich dréit sech virop ëm de Fridden an d'Roll, déi d'EU do gespillt huet an nach spille kéint.
Poopst-Visitt zu Metz: D'Preparatioune lafen op Héichtouren.
© Marc Hoscheid

Vun e Freideg bis e Méindeg ass de Poopst Leo XIV. op Visite a Frankräich. Fir Lëtzebuerger Gleeweg oder och soss Interesséierter dierft virop e Méindeg interessant sinn, well dann ass de Chef vun der kathoulescher Kierch zu Metz, wou sech Zéng- wann net esouguer Honnertdausende Visiteuren erwaart ginn. De Marc Hoscheid war sech haut mol ee Bild maachen, wou d'Preparatiounen fir d'päpstesch Visitt dru sinn.

© Marc Hoscheid

En ass schonn do, wann och just op Plakater. An och wann d'Stad lo nach net komplett am Poopst-Féiwer ass, gëtt et awer schonn däitlech Zeechen, déi d'Visitt vum Pontifex ukënnegen. Zum Beispill ronderëm de Centre Pompidou an de Kongresszentrum Robert Schuman, wou sech de Poopst Leo vun 10 Auer moies bis an de fréie Mëtteg eran ophale wäert.

Géint hallwer 3 geet et dann net wäit vun der Gare ewech mam Papamobil a Richtung Zentrum. Eng knapp hallef Stonn ass fir de Wee agerechent, deen ënnert anerem laanscht d'Place de la République an den Tribunal judiciaire bis bei d'Kathedral Saint-Étienne féiert. Do wäert de Poopst vu 4 Auer un eng Mass halen. Ronderëm an an der Kathedral lafen d'Virbereedungen aktuell dann och schonn op Héichtouren.

Wat d'Virfreed vun de Leit ugeet, sou ass déi, bis op e puer Ausnamen, duerchaus och schonn ze spieren.

"Écoutez, ça me procure énormément de joie et j'ai hâte de pouvoir le voir et de pouvoir, alors pas le rencontrer, puisqu'il y a énormément de monde, mais je suis vraiement hâte de le voir."

"C'est un événement, qui est quand même incroyable finalement, qu'on soit croyant ou non, c'est quand même un événement, qui c'est pas produit depuis 1988. Moi, je me souviens plus personnellement, donc oui, c'est quand même quelque chose incroyable."

"Je suis pas religieux, donc ça ne m'intéresse pas énormément."

"Ce qui me semble important, c'est que quelle que soit ses croyances, qu'on arrive à accepter l'autre et et c'est en ce sens là où toute religion qui participe à une meilleure compréhension et un meilleur respect mutuel mérite véritablement d'être célébré."

Datt de Poopst op Metz kënnt, ass iwwerdeems keen Zoufall. Wärend Paräis, wou en e Freideg an e Samschdeg ass, als Haaptstad a politeschen a kulturellen Zentrum ee Must ass, a Lourdes, wou en e Samschdeg an e Sonndeg ass, als wichteg Plaz fir Pilger och ee logesche Choix ass, kann ee Metz mat senge ronn 120.000 Awunner un der Peripherie dach awer e bëssi iwwerraschen. Ma d'Stad gouf virop wéinst dem Robert Schuman erausgesicht, dee vun hei koum.

De Robert Schuman war jo ee vun de Grënnerpappe vun der Europäescher Unioun an de Poopst wëllt d'Roll vun der EU a Saache Fridden ënnersträichen. Datt et a West- an Zentraleuropa no Joerhonnerte voller Kricher a virun allem nom 2. Weltkrich, elo zanter méi wéi 80 Joer Fridde gëtt, wier een Zeechen, datt Versönung méiglech ass, doduerch kéint Europa fir vill aner Regiounen uechter d'Welt ee Virbild sinn.

Wien e Méindeg op Metz kucke goe wëllt, dee sollt fréi genuch u sinn, well den Zentrum vun der Stad wäert groussraimeg fir den Trafic gespaart ginn.

Back to Top
CIM LOGO