Iwwert déi lescht Méint allerdéngs maachen héich Loyeren an e verännert Kafverhalen den Akafsstroossen zu Tréier Problemer. Ëmmer méi dacks sti Lokaler eidel. An eiser Serie iwwert de Commerce huet den Tim Morizet sech en Donneschdeg op de Wee op Treier gemaach.
Maria-Himmelfahrt. Wärend zu Lëtzebuerg Diere vun de Geschäfter zou bleiwen, heescht dat zu Tréier: Rushhour.
D‘Stroosse si schwaarz vu Leit. Iwwerall gesäit een Akafstuten. An awer fällt op: ëmmer nees hu Lokaler dotëscht hir Dieren zou. Zanter e puer Joer kämpft och Tréier géint de sougenannte “Leerstand”.
Et ass net einfach – och fir motivéiert Commerçanten. Zéng Joer huet de d’Boutique “Loft” an der Palaststrasse Kleeder verkaaft, maquilléiert a coifféiert. Enn August ass Schluss. Den Alfons Endlein muss dat gréisst vun zwee Geschäfter zoumaachen:
“Wir haben eine Mieterhöhung von Rund 70 Prozent beim Wechsel vom Eigentümer der Gebäudes. Und das frisst den ganzen Gewinn auf. Davon können wir nicht mehr leben. Das mach keinen Sinn mehr.”
Fir 70 Prozent méi Loyer ze packen a weider Profit ze maachen, misst e Geschäft vun dëser Gréisst knapp eng hallef Millioun Euro méi Ëmsaz d’Joer maachen. Den neie Proprietär vum Gebai léisst net mat sech diskutéieren. Den Alfons Endlein, deen de Familiebetrib zanter 10 Joer huet, seet dozou:
“Es war einfach zu teuer. Die Grundstücke sind einfach zu teuer. Die Baupreis-Indexe steigen. Und auch Investoren wollen Gewinne haben. Die Gier steht oft im Vordergrund. Immer nur Gewinnmaximirum. Es bringt aber auch nichts mehr, wenn man nur Gewinne machen will, aber keiner mehr die Miete zahlt und die Stad dann leer ist. Danach muss man dann aber drauflegen.”
De Leerstand zu Tréier ass keen neit Phänomen. D’Pandemie huet dat ganzt just acceleréiert. Villes gëtt online kaaft.
Den Tréierer Geschäftsverband probéiert ëmmer nees, ze eidel Lokaler ze vermëttelen – mat grousse Schwieregkeeten. Den Alexander Brittnacher, Vizepresident vun der City-Initiative Trier, erkläert, wéi sech d’Stadbvild verännert.
“Trier ist halt eine Stadt, die traditionell sehr hohe Mieten im Einzelhandel hat. Aber die Zeit verändert sich. Wir kriegen mit, dass grosse Ketten wie Esprit alle Filialen schliessen und grosse Leerstände entstehen. Vielleicht sollte der eine oder andere Vermieter einfach froh sein, wenn er einen Mieter hat, der langfristig plant.”
Eidel Geschäftsstroossen, Geschäfter, déi wéinst héije Käschte mussen d‘Offer, respektiv Personal zeréckschrauwen – dat verdreift gär d‘Clienten. Och d‘Lëtzebuerger. Eng Ëmfro op RTL.lu wéist, datt knapp een Drëttel vun de Lëtzebuerger, déi matgemaach hunn, net méi op Tréier akafe geet. Ronn e Véierel geet manner, wéinst der limitéierter Offer. Just ee Fënneftel vun de Befroten hält fest un Tréier als Akafsdestinatioun. Fir den Alexander Brittnacher ass et eppes, un deem ee schaffe muss.
“Man sieht in letzter Zeit immer wieder vereinzelt Leute, die man jahrelang nicht mehr in Trier gesehen hat und die jetzt langsam wieder nach Trier kommen. Aber wir müssen daran arbeiten. Es wird nicht von alleine gehen. Luxemburg hat die letzten Jahre wahnsinnig aufgerüstet mit neuen Shoppingsmals, kostenloser öffentlicher Transport und niedrigen Parkgebühren.“
E bëssen Hoffnung gëtt et awer. Ëmmer nees probéiere Jonker hiren eegene Commerce op d‘Been ze stellen. Esou och de Wadim Schirschow. Hie verkeeft zanter dem Ufank vum Joer Sneakers. Online ugefaangen, huet hien säin Dram vum eegene Geschäft erfëllt.
“Im aktiven Umkreis von 50 Kilometer gibt es keine andere grosse Stad. Leute, die in der Eifel, im Saarland oder an der Moselstrasse entlang leben oder Urlaub machen, schauen halt mal in Trier rein.“
Potentiell Cliente ginn et genuch. D’Geschäftsleit hoffen op méi séier Hëllef vun der Stad Treier, zum Beispill mat méi bëllegem Parking. An och, datt grouss Projeten, ewéi den Ëmbau vum fréiere Karstadt-Gebai zu enger Marchéshall mat Daachterrass séier ëmgesat ginn. Just da kéint ee verhënneren, datt Treier bemol zu enger Geeschterstad mutéiert.