Déidlechen Accident op der B51Ermëttlunge liwweren nei Detailer - Camionschauffer war net ugestréckt

Mosel-News-TV Kevin Schößler
Iwwersat vun RTL Lëtzebuerg
Mëtt November koum et op der B51 tëscht Tréier a Bitburg zu engem schlëmmen Accident, bei deem véier Leit hiert d'Liewe verluer hunn.
Mëtt November hate sech hei vir an Däitschland a Camion an en Auto frontal ze pake kritt.
© Kevin Schößler

Véier Mënsche bei schwéierem Accident gestuerwen

No dem schwéieren Accident op der B51 tëscht Bitburg an Tréier huet déi däitsch Police elo iwwer de Verlaf vun hiren Ermëttlunge kommunizéiert. Bei der Kollisioun tëscht engem Auto an engem Camion hate véier Leit hiert d’Liewe verluer, an dat, obwuel d’Rettungsekippe séier op der Plaz waren.

Den Accident war op engem Streckenofschnëtt geschitt, dee vu villen Automobiliste genotzt gëtt an huet dozou gefouert, datt d’Streck fir eng länger Zäit huet misste gespaart ginn. De Verkéier huet groussraimeg ëmgeleet misste ginn, wat zu gréissere Problemer am Trafic an der Ëmgéigend gefouert huet. Kuerz nom Accident war et den Ermëttler nach net méiglech, fir den Oflaf vum Accident eendeiteg nostellen.

Ursaach vum Accident weider nach net ganz gekläert

Wéi d’Police matdeelt, léist sech d’Haaptursaach vum Accident och nom Ofschloss vun den Ermëttlungen net eendeiteg feststellen. Et konnte keng zouverlässeg Indicë fonnt ginn, datt eng Oflenkung, en Auswäichmanöver oder aner extern Aflëss dësen Accident provozéiert kéinten hunn. Och d’Aussoe vun Zeien hu keng kloer Indicë konnte ginn, fir d’Ursaach vum Accident klären ze kënnen.

Esouwuel de Camion wéi och den Auto goufe technesch ënnersicht an et goufe keng Mängel festgestallt, déi den Accident hätte kéinte verursaachen. Weder bei de Bremsen, nach bei der Lenkung oder bei weidere sécherheetsrelevante Deeler vun den zwee Gefierer goufe Feeler festgestallt, déi d’Ursaach vun der Kollisioun hätte kéinte sinn.

Sécherheetsgurt hätt déidlechen Ausgang kéinten evitéieren

Bei den Ermëttlunge koum dann och eraus, datt de Chauffer vum Camion net ugestréckt war, wéi et zum Accident koum. Den Experten no hätt de Sécherheetsgurt awer den déidlechen Ausgang mat grousser Warscheinlechkeet kéinte verhënneren. D’Blessurë vum Camionschauffer wieren zum gréissten Deel drop zeréckzeféieren, datt hien net a sengem Sëtz gehale ginn war.

Elo, wou d’Dokumenter vun den Experten a Gutachter virleien, sinn d’Ermëttlunge zum gréissten Deel ofgeschloss. D’Police betount awer, datt all Accident vun esou engem schwéieren Ausmooss e gudde Moment wier, fir déi eege Fuerweis an dat perséinlecht Sécherheetsverhale kritesch ze hannerfroen.


Weider Artikelen zum Sujet

Back to Top
CIM LOGO