
E 14 Joer ale Jugendleche war bei Essen an d’Ruhr gefall. Rettungsekippen hunn hien no stonnelaangem sichen aus dem Waasser gezunn. Wéi et heescht, soll eng ganz Rei Leit e Samschdeg am Nomëtteg gemellt hunn, datt de 14 Joer ale Jong am Beräich vun der Eisebunnsbréck an d'Waasser gaange wier an dann net méi gesi gi wier. Sëllege Secouriste wieren doropshin op den Asaz geruff ginn. Nodeems hie lieflos gebuerge gi war, wier hie vum Rettungsdéngscht behandelt ginn. An der Ambulanz hätt een nach probéiert, hien ze reaniméieren, allerdéngs ass hien am Spidol gestuerwen. Well e puer Kanner de Virfall gesinn haten, war och psychologesche Support op der Plaz.
An enger Schwemm zu Birlenbach ass bei engem Accident en 11 Joer ale Bouf ëm d’Liewe komm. De Jong war nach an der Piscine reaniméiert ginn, mee duerno am Spidol gestuerwen. Wéi et zu dem Accident konnt kommen, gëtt nach ënnersicht.