1) Et soll een sech menger Meenung no net wëllen all Dag stonnelaang alles wëllen op den TV-Statioune menge missen eranzezéien, wou et ëm de COVID-19 geet. Et gëtt jo och nach esou eppes wéi ‘Psychosomatik’ ,also d’Zesummespill vu Séil/Gemitt a Kierper, dat een net an dësem Sënn iwwerstrapazéieren däerf. En einfacht Beispill: Firwat kann een de Bauch wéi oder esouguer en Duerchfall vun Angscht oder Opreegung kréien; firwat vläicht de Kapp wéi? Oder firwat ziddert een oder gëtt bleech am Gesiicht? Doriwwer wier vun eise Psychiatren a Psychologen dës Zäit emol nach eng Partie ze héieren...ouni datt si zevill mat ‘cognitiv/vegetativ a professionelle Jargon falen. Ech sinn (leider) al genuch, fir dat nëmmen zegutt ze wëssen. Wéi hunn déi Leit gelieft (net genuch gedronk resp. giess, an net dat Richtegt)?

2) Et heescht elo, datt an engem Altersheem e Mënsch um ‘Corona’ gestuerwe wier, dee virdrun ewell ofgeschwächt war; woumat/wouduerch? Genee an deem Sënn gëtt een net vill gewuer. Wann de Covid sech op eng Erkältung oder Gripp oder soss e Gekränks prafft, huet e bestëmmt liicht Spill; wéivil stierwen der, déi eng/keng Grippepikür hunn/haten ? Wat sinn z.B. hir ‘Antecedantën’ aus de leschte 6 Méint?

Natierlech ass et net einfach, op dës Iwwerleeungen ze äntweren; eng ‘Probéierche’ wier ower net vu Muttwëll. Bleift doheem a ‘spuert’ iech all gesond.