Bleif doheem

BLEIF DOHEEM
Deng Zeitung ass moies fréi schonn do
Duerno kënnt ganz séier deng Post och no
Däin Offall gëtt ëmmer erëm entsuergt
Aus dem Restaurant kriss de däi Menü souguer heembruecht
Däin Dokter oder Psycholog erreechs de iwwer Internet
Och an der Apdikt si fir dech deng Medikamenter prett
Bei Zännwéi ass en Zänndokter an der Urgence
Iwwerlee awer virdun: ass et wierklech esou uerg
Du kanns net méi bei de Coiffer goen
Ass dat deng eenzeg Suerg, muss de dech emol froen
D’Infirmière kritt elo och keng Manikür
A leeft sech d’Féiss stompeg ouni Pédicure
Du brauchs Benzin fir däin Auto, maach e frëndlecht Gesiicht
Well hei op der Tankstell halen se fir dech och d’Staang riicht
Am Zuch an am Bus, dat ass jo wuel kloer
Hal Ofstand, soss bréngs de vill Leit a Gefoer
Deng Enkelkanner, déi s de grad net kanns besiche goen
Si kreativ a schécken dir Biller, déi se selwer molen
Kuck emol de Schüler oder Student, deen doheem léiert
Do huet et och kee Wäert, dass hien dauernd jéimert
All Caissière schützt sech esou gutt et geet
Dann denk u si all a sief och du bereet
Respektéier den Ambulancier, Pomjee, Scout oder Bénévol
D’Arméi, d’Douane an d’Police bei der Kontroll
Mir hu Consignen, dann hal dech och drun
Dann huet jiddereen eppes dervun
Ni hues de Zäit, ëmmer bass de am Stress
Da sëtzt dech dohin a genéiss wa s de soss net méchs
Sief kreativ, maach Musék, bastel, réaliséier verschidden Dreem
A virun allem : Wann s de net raus muss, da bleif doheem