Sou dem Milton Friedman, engem stuer neoliberalen Ekonomist, säin berüümt Zitat dat hie benotzt huet fir déi ekonomesch Politik ufanks der 70er Joren ze beschreiwen. Hie gëtt onfräiwëlleg zou datt Gouvernementer an Zentralbanken hautdesdaags alleguerten intervenéieren sollen, wann et mat eiser Ekonomie net méi sou leeft wéi et soll. En Ekonomesche Prinzip, dee vum Theoretiker Keynes gepriedegt gouf, an dee méi rezent an der Finanzkris, an der Eurokris oder och elo wärend der Corona Kris erëm méi wéi aktuell ass.

Wärend d’Europäesch Zentralbank an d’Gouvernementer vun den Eurostaaten hiert fiskaalt a monetäert Kriesenarsenal ausgepaakt hunn a mat all méiglech Waff geschoss hunn, fir d’Kris ze bekämpfen, bleift eng koordinéiert Äntwert um europäeschen Niveau aus.

Italien, en héich endettéiert Land, huet Problemer u bëllegt Geld ze kommen, well si däitlech méi héich Zënse musse bezuelen wéi zum Beispill Däitschland oder Lëtzebuerg. D’Rettung fir Italien an aner Länner wéi zum Beispill Spuenie wieren d’‘Corona-Bonds’, also Kreditter, déi d’Eurozon zesummen ophëlt. D’Corona Bonds oder och Euro Bonds, ass eppes fir dat sech EU Leaderen säit 1999 asetzen. Anstatt dat all Land eenzel un den Marché geet fir Suen ze léinen, géif d’Eurozon dat zesummen ugoen. Déi Kreditter géifen als bommesécher ugesi ginn, well alleguerten d’Eurostaaten zesumme géifen haften fir se zréckzebezuelen. Se wäre souguer esou sécher, datt d’Zënsen an d’Negatiivt géife rëtschen. Et wier weider Munitioun géint déi aktuell Kris.

Trotzdeem gëtt et Länner, wéi zum Beispill Holland an Éisträich, déi dëse Projet net wëllen ënnerstëtzen. Dëse Gedankegang war nach wärend der Eurokris nozevollzéien, wou Länner sech dogéint gewiert hunn, fir selwer fir déi jorelaang Verscholdung vun Südstaaten ze haften. Deemools kruten d’Länner anstatt Euro Bonds, haart finanziell Oplagen, fir hiren Haushalt an d’Rei ze kréien. Haut ass d’Situatioun allerdéngs eng aner. Kee Land ass hei individuell an der Schold.

‘Nous sommes en guerre’ sot den Emanuelle Macron. Am Krich géint de Covid-19 an déi ugekënnegt Rezessioun weltwäit si mir zesummen als Europa an net als eenzel Staaten. Den Covid-19 kennt keng Grenzen. An enger Zäit, wou China sech als dominanten ekonomeschen Acteur an der Welt etabléiert an d’USA sech méi zréckzitt, muss Europa gemeinsam u Problemer erugoen. Mënschlech souwéi finanziell Solidaritéit ass méi wéi jee a Krisenzäite gefrot. D’Corona Bonds wieren en Ufank.