Hëlleft eis och dëst Joer, de Weltautismusdag besonnesch ze maachen!

Mam Film „Rain Man“ a bloer Kleedung zesummen duerch den Dag
Haut, den 2.Abrëll 2020, ass net nëmmen e weideren Dag, wou mir doheem bleiwe mussen, mä et ass och den internationale Weltautismusdag. Dësen Dag, dee vun der UNO am Joer 2008 déi éischte Kéier agefouert gouf, déngt dozou, de Public iwwert d'Thema Autismus ze sensibiliséieren.
All Memberstaate vun der UNO ginn dozou opgeruff, d’Bewosstsinn fir Autismus duerch d’Ëmsetzung vu verschiddene Moossnamen ze schäerfen. Insgesamt soll d’Lag vu Mënsche mat enger Autismus-Spektrum-Stéierung duerch dësen Dag verbessert ginn.
Och d’Fondatioun Autismus Lëtzebuerg (FAL), déi sech zanter 1996 fir d’Rechter vun de Persoune mat enger Autismus-Spektrum-Stéierung asetzt, mécht schonn zanter Jore beim Weltautismusdag mat. Mat Hëllef vun diversen Aktioune probéiert d’Fondatioun e groussen Deel vun der lëtzebuergescher Gesellschaft ze erreechen.
Autismus ass vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) als eng déif gräifend Entwécklungsstéierung definéiert. Mënsche mat Autismus weise Schwächen hisiichtlech der sozialer Interaktioun a Kommunikatioun ob.
Diagnostesch gëtt tëschent dem fréikandlechem Autismus, och Kanner-Syndrom genannt, an dem Asperger-Syndrom ënnerscheet. Am Géigesaz zum Asperger-Syndrom trëtt de fréikandlechen Autismus scho virum dem drëtte Liewensjoer op. D’Kanner léieren eréischt spéit oder oft guer net schwätzen. Sie huelen hier Ëmwelt kaum wouer. Och stänneg Widderhuelunge vu gläiche Verhalensweisen a Beweegunge sinn typesch. De fréikandlechen Autismus trëtt oft zesumme mat enger geeschtlecher Behënnerung op.
D’Asperger-Syndrom ass eng liicht Form vun Autismus, déi heefeg mat enger héischer Intelligenz zesummentrëfft. Betraffe Kanner entwéckelen sech am Ufank meeschtens onopfälleg, d’Sproochentwécklung verleeft hei ganz normal. Mënsche mat Asperger-Syndrom sinn heefeg motoresch ongeschéckt, weise grouss Problemer am sozialen Ëmgang op an evitéieren de Kontakt zu anere Mënschen. Sie widmen sech oft ausgepräägte Spezialinteressen.
Autismus ass keng seele Krankheet. Et gëtt geschätzt, dass ongeféier eng vun honnert Persounen an der europäescher Unioun vun dësem onsiichtbaren Handicap betraff ass. Eleng zu Lëtzebuerg ginn dat em déi 6000 Persoune mat enger Autismus-Spektrum-Stéierung.
Dowéinst ass et ëmsou méi wichteg, d’Gesellschaft richteg ze informéieren, fir esou méi Toleranz a Versteesdemech géigeniwwer de Betraffene kennen ze erreechen.
Zudeem gëtt all Joers fir de Weltautismusdag d’Sensibiliséierungscampagne “Light It Up Blue” (liicht et blo un) organiséiert. Ziel vun dëser Campagne, déi vun der amerikanescher Organisatioun Autism Speaks 2008 an d’Liewe geruff gouf, ass et, op d’Thema Autismus opmierksam ze maachen an déi entspriechend politesch Ënnerstëtzung anzefuerderen.
Fir méi Akzeptanz fir Mënsche mat enger Autismus-Spektrum-Stéierung ze kréien, wäert sech d’Welt haut an der Faarf blo fierwen. Vue dass déi blo Faarf eng roueg-angeneem Wierkung huet, hëlleft se de Mënsche mat Autismus, sech ze berouegen an de Reizen, déi op d’Sënnesorganer wierken a fir si Stress ervirruffen, entgéint ze wierken.
Zudeem droe Sympathisante vun der Campagne blo Kleedung an deelen des an de soziale Medien ënnert dem Hashtag #LIUB2020.

Och elo, wärend der COVID-19 Krise, kann sech all Mënsch ganz einfach un dëser Initiative bedeelegen. Sech blo unzedoe fir bis akafen ze goen oder einfach eng blo Käerz ob seng eege Fënsterbänk stellen ass schonn en Zeeche vu Solidaritéit.
Zudeem huet sech d’FAL dëst Joer eppes Besonnesches fir de Weltautismusdag ausgeduecht: en bloen, ofwäschbaren Tattoo, op dem d’Logo mat der Opschrëft “together #ËMMERDO” ofgebillt ass. Mee, wat stécht hannert dësem Motto? De Christophe Wantz, de Responsabel vum Service Kommunikatioun, erkläert: “D’Wuert “Together”, englesch fir “zesummen”, beschreift, dass een nëmmen zesummen eppes Sënnvolles erreeche kann. D’FAL setzt also op Zesummenaarbecht an en géigesäitegt Versteesdemech fireneen, fir zesummen zum Ziel ze kommen. De Deelsaz “Ëmmer do” erkläert, dat d’FAL zu all Zäit, also 24/7, fir seng Bewunner an de Wunnstrukturen zur Verfügung steet.
Dës gratis Tattooen kënnt Dir ganz einfach bei der FAL bestellen. Da kritt Dir se bei Iech Heem geschéckt.
D’FAL seet jidderengem Merci, deen och dëst Joer dozou bäidréit, de Weltautismusdag besonnesch ze maachen an zesumme mat eis, ëmmer do bleift.
An elo: eise Film-Tipp fir all déi, déi haut a bloer Kleedung bei sech doheem bleiwen:
E bekannte Film, deen engem Thema Autismus méi no bréngt, ass dat US-amerikanescht Drama “Rain Man” mat dem Dustin Hoffman an der Roll vun engem Mënsch mat enger Autismus-Spektrum-Stéierung.