Ech sin elo iwer 2 Wochen am gaang fir eng plausibel Erklärung vum
gouvernement ze kréien firwaat déi ugemellten Aide de ménagen kee
chômage partiel können ufroen?

Ech gin vun engem Ministère op den aaneren verwisen a kréien keng
konkret Äntwert.

Mär kréien esou vill consigne vum Staat operluegt, waat jo och
verständlech ass, awer de Staat schëckt déi Leit einfach weider, vu
Stoot zu Stoot a léisst ët zou dat de Virus esou monter weider gedroen
gët?

Ech fannen daat irresponsabel an onverschimmt!

De Staat ass géint Schwaarzaarbecht, ma dann si mer esou fein a mellen
t'Madame un, an da gin  sie a mär esou hänke geloos?

Ma mär hätte besser gehaat daat nët ze maan, da kéint sie elo
einfach doheem bleiwen a sëch an aanerer schützen.

Ët ass jo an der Rei dat t'entreprisen gehollëf kréien, mä déi
Privatstéit sin och kleng Entreprisen a bezuelen e Salaire, an déi gin
einfach am Stach geloos?

Liewensnoutwendeg ass eng Aide de ménage jo elo awer wierklech nët,
t'Madame huet elo schon 3 Wochen Congé geholl a wees sëch nët ze
hëllefen, a mär wëssen och nët waat mer maachen sollen?

MbG

Josée MISS-DESQUIOTZ