Corona-Exit-Gedanken

Madame Ministesch Lenert,
Wann eis Intensivstatiounen quasi net beluet sinn ass dat well d´Regierung eng gutt Aarbecht bis elo gemaach huet, zumools de Gesondheetsministère, den Datum fir doheem ze bleiwen richteg gewielt huet an och alles Anescht richteg a viraussehend geplangt huet, CSA iwwerall duerch d‘Land opzeriichten, 4 nei Scanneren ze kafen fir op en Ustuerm vun infizéierte Patienten kënnen adequat ze reagéieren an all Är aner Mesuren waren exemplaresch.
Jiddfereen huet den Diagramm gesinn wat geschitt wier wann d´Regierung nëmmen 3 Deeg méi spéit décidéiert hätt et sollt“ Een doheem bleiwen“. D´Courbe vun den Nei-Infektiounen wier ausser Kontroll, d´Intensivstatiounen iwwerfëllt ,a vläit misst een souguer dat Wuert „T r i a g e“ an de Mond huelen?
Natierlech muss d´Wirtschaft elo erëm lues a lues ugekuerbelt ginn. Baumärkt an och vill aner Geschäfter kënnen och déi selwescht Hygiènesmoosnahmen anhalen wéi se zur Zäit an engem Supermarché oder Tankstell Pflicht sinn.
Spideeler mussen och erëm komplett opgoen, natiierlech soll een d‘Féiwer an der Entrée gemoos kréien, vläit nach gefrot ginn op en houscht oder sech soss krank fillt an natierlech onbedingt eng Mask offréiert kréien ier een an Spidol era ka goen, genau esou wéi et eigentlech elo schon ass.
Et ass jo awer spéidstens elo jiddferengem kloer dass et fir en progressiven Exit als Alleréischt muss Pflicht sinn dass jiddfereen deen an d´Öffentlechkeet geet eng Mask muss undoen. Dass Masken schützen, zumools wa jiddfereen eng un huet ass elo wuel net méi ze leugnen.
An soulaang et keng Masken fir d´Bevölkerung, flächendeckend ze versuergen, ginn, wier och e progressiven Exit grob fahrlässeg an äusserst riskant.
Eng 2. Well vun Neiinfektiounen wier do schon virprogramméiert a mat de Leit hierer Gesondheet spekuléiert een net.
Och net fir de Risiko anzegoen fir elo op eng „Herdenimmunitéit“ ze spekuléieren, op eemol kinnten sech ganz séier d´Intensivstatiounen erëm fëllen.
Här Minister Meisch,
Schoulen de 4. Mee opmaachen oder net? Dat ass eng ganz schwiereg Entscheedung déi zesummen mam Gesondheetsministär geholl gett.
D´Schüler am Secondaire si méi al an do wier et machbar dass jiddfereen kinnt eng Mask undoen an sech un d´Hygiènesmoosnahmen ze halen.
Am Fondamental sinn d´Kannner ze kleng fir Hygienesmoosnahmen anzehalen, ze kleng fir eng Mask de ganzen Dag um Mond ze halen (net well et keng kleng Masken ginn) mee et sinn eben kleng Kanner, social distancing ass net méiglech. Bei 60.000 Fondamentalschüler ass d´Gefor enorm dass de Virus sech erëm kann rasant verbreeden zumol jo vill Kanner aus eise Grenzregioune kommen wou d´Corona Kris net esou am Grëff ass wéi bei eis hei.
Eventuell den Elteren ze erklären dass et mol nach besser wier fir Primärschoulen virleefeg zou ze loossen ass eng onangenehm Tâche, mä an dem heite Fall steet Gesondheet awer un 1. Stell. Oder firwat hu mär eis all 1 Mount un d´Restriktiounen déi eis operluet gi sinn gehalen fir dass mär elo an enger konfortabeler Situatioun sinn mat kaum Neiinfektiounen? 60.000 Primärschoulkanner erëm an d´Schoul ze schecken fir dass d´Elteren erëm kënne schaffe goen ass eng onkalküléierbar a geféierlech Entscheedung.
Här Minister Bausch,
Och Dier an Ärem Ressort als Transportminister kinnt eppes zur Verbesserung vun der Lag bäidroen.
Där wësst dass a Spëtzenzäiten hoffnungslos iwwerfëllten Zich natierlech e Paradis fir all Virus sinn, quasi e Buffet à volonté.
Fir déi al an déi schwaach an eiser Bevölkerung déi et jo ze schütze gëllt, déi Leit déi mat grousser Wahrscheinlechkeet bei enger Infektioun vum Corona mussen op eng Intensivstation kommen a vläit do hiet Liewen musse loossen, jo fir déi Leit ze schützen, kinnt Där Här Bausch vläit déi iwwerflësseg an ëmmer eidel 1. Klass am Zuch fir eeler Leit, gesondheetlech ugeschloen Leit souwéi fir Titulairen vun enger Carte d‘invalidité zougänglech maachen?
Dat géing verhënneren dass grad déi Leit déi et jo besonnesch ze schütze gellt nach missten an enger struppevoller 2. Klass setzen wann déi 1. Klass komplett eidel ass an d´Gefor sech do ze infizéieren drastesch minimaliséiert ass.
Mär fällt eigentlech näischt an wat do dogéint schwätzt.
MbG
M. Tremblay