Bei engem éischten a ganz provisoresche Réckbléck vun dëser spezieller Pandemie hunn ech mir dës Iwwerleeunge gemaach. Iwwerall an Europa sinn änlech Mesurë geholl ginn, mat awer och ënnerschiddleche Schwéierpunkten. Bei ons zu Lëtzebuerg hu mir, menger Meenung no, ze strikt reagéiert, an zwar hei besonnesch am Beräich vun der Ekonomie. Besonnesch bei deene méi klenge Commercen an Handwierksbetriber wier eng méi flexibel Handhabung vun dësem Lockdown ubruecht gewiescht. Zum Beispill wier et, dat gesäit ee jo och an Däitschland, méiglech datt een déi Beruffer wéi Usträicher, Plätterchersleeër, Elektriker asw. nach ënner bestëmmte Konditiounen hätt schaffe loosse kënnen. Och méi kleng Commercen hätt een hei oploosse kënnen, mat natierlech deenen néidegen Oplagen.

Beim Testen op de Covid-19 Virus hu mir zu Lëtzebuerg vill getest, dat ass och gutt, awer mir als klengt an iwwerschaubart Land mat dach relativ vill Ressourcë missten elo hei nach eng Schëpp bäileeën. Dat hätt een, wann et vun de Ressourcen hier méiglech gewiescht wier, och scho méi fréi misste maachen. Besonnesch, wann ee réckbléckend soe kann, hätte mir an der EU e puer Wochen éischter ugefaangen d’Gefor vun enger Pandemie méi sérieux ze huelen, da wier alles bei wäitem net esou schlëmm ginn. Hei gouf et jo och scho vun etlech Experten dach konkret Warnungen. Awer esou Iwwerleeunge si müssig momentan, awer dach wichteg fir no dëser Kris déi néideg a richteg Konsequenzen ze zéien an och als Virbereedung op eng eventuell nächst änlech Kris.

Eng Partie Inkoherenze gesinn ech och bei de staatlechen Hëllefe fir ons Ekonomie. Hei ginn, wéi an der ganzer EU, grouss staatlech Programmer op d‘Been gestallt, wat jo och onerlässlech ass, awer besonnesch bei den Hëllefe fir kleng a mëttelstänneg Betriber ginn et hei Inkoherenzen. Ee konkret Beispill hunn ech hei a mengem Ëmfeld erlieft. Ee klengen Handwierksbetrib mat 2 Mataarbechter am Orthopedieberäich, huet op Kuerzaarbecht missen ëmstellen, d‘Mataarbechter kréien also hei 80% vun hirem Salaire vum Staat, well awer dëse Betrib och als ‘Medizineschen Noutdéngscht’ muss nach fir Mënsche mat Diabetis weider seng Produkter ubidden, fält hei de Patron, dee jo dann als eenzegen nach dëst assuréiert, net ënnert d ‘Konditioune fir déi eemoleg staatlech Hëllef vu 5.000 € ze kréien. Wann een hei dann awer weess, datt dësen Noutdéngscht finanziell praktesch näischt bréngt, besteet dann hei déi kokass Situatioun, datt de Patron zwar seng lafend Këschten, souwuel vum Betrib wéi och privat, huet awer praktesch kee Revenu méi. Do kann ee sech dann eng Rei vu Froe stellen, firwat hei den zoustännege Ministère esou komesch a komplizéiert Konditioune sech ausgeduecht huet. Där Beispiller ginn et bestëmmt nach.

Och bei den Diskussiounen op ee Mondschutz eppes bréngt oder net, hunn ech festgestallt, datt hei d’Santé net transparent an och inkoherent kommunizéiert. Am Ufank gëtt vun hinne behaapt ee Mondschutz géif näischt bréngen am Kader vun dëser Pandemie, an elo kënnt dann eng Recommandatioun fir där ze droen, dat awer ouni weider Explikatioune betreffend, wéi ee sech hei soll konkret dat virstellen. Also wat fir Masken, wéi déi ze traitéiere sinn, wou a wéini se droen, wou een där kritt asw. Hei ginn et wuel Experten, déi hir Meenung dozou soen, do héiert een awer och ënnerschiddlech Meenungen. Wat mir awer hei dach sauer op stéisst ass, datt an engem Reportage de Professer Dr. Claude Muller kloer gesot huet, datt déi Ausso

vun der Santé ugangs just gemaach ginn ass, well net genuch Masken disponibel waren. Ech fannen esou eng Virgehensweis, fir de Leit bewosst d’Onwourecht ze soen, net tolerabel a relativéiert a mengen Aen dach déi soss gutt Aarbecht vun der Santé.

Een aneren Aspekt vun der Kommunikatioun vun der Regierung fannen ech och absolut net ubruecht, an zwar déi Radiospotte wou opgefuerdert gëtt ‘Bleift doheem...’ an dann als Schluss Ausso ‘well d‘Police mécht Kontrollen a verbaliséiert’. Hei kréie mir als Bierger vun onser Regierung direkt mat Represalie gedrot, wa mir net dat maachen, wat vun uewen erof ugeuerdent gëtt. Wëssend datt an dësem kuerzem Spot iwwerhaapt net all Aspekt erläutert gëtt, wéi a wat ee kann an däerf maache fir seng Matmënschen net eventuell ze gefährden. Bedenke muss een och datt de Begrëff vu ‘Social Distancing’ falsch ass. Richteg misst et si ‘Physical Distancing’, well mir Mënschen si sozial Weesen, déi de soziale Kontakt brauchen. Ech perséinlech schwätze gären, och haut, mat de Leit wann ech se dobausse beim spadséieren oder jogge begéinen, oder mat den Nopere virun der Dier, natierlech ëmmer mat der néideger physescher Distanz. Dofir fannen ech, datt bei dëse Radiospotte wäit iwwert d’Ziel rausgeschoss, an och onverhältnesméisseg gehandelt gëtt. Aplaz op d’Selbstdisziplin an d’Verantwortungsbewosst Handele vu senge Bierger ze setzen, an dat richteg Verhalen op eng positiv a proaktiv Manéier ze kommunizéieren, gëtt mat der Police gedréit. Dat fannen ech perséinlech inakzeptabel an ass an enger Demokratie onwierdeg.

Beim Ausbléck op eng Exit-Strategie, déi elo muss kommen, hunn ech mir dës Gedanke gemaach. Wéi ee jo schonn iwwerall kann héieren, gëtt dat etappeweis gemaach, wat jo och ganz verständlech ass. Konkret gesinn ech awer e puer temporär Moossnamen och als wichteg un. An zwar datt de ‘Congé collectiv’ am Bausektor dëst Joer ganz flexibel muss gehandhaabt ginn, an datt hei an deene Branchen, wou eng Produktioun kann a muss nogeholl ginn, temporär och méi héich Wochen Aarbechtszäiten, op fräiwëlleger Basis, musse méiglech gemaach ginn. Ech fannen och datt, bei aller Virsiicht, ee kann d’Lockerungen op eng Manéier maachen, déi et de Mënschen a Betriber erlaabt hiert ‘normal’ Liewe relativ séier rëm opzehuelen. Och wann dëst eventuell bedeite kann, déi eng oder aner Erliichterung rëm réckgängeg muss gemaach ginn, wann d’Gefor besteet, datt et ee Réckschlag ka ginn.

Mir brauchen hei jiddefalls elo eng méi konstruktiv an och kontradiktoresch Diskussioun an Austausch. Déi Zäite vun där renger ‘Verlautbarungs- Kommunikatioun’ vu Regierungssäit mussen eriwwer sinn. Konstruktiv Kritik an Diskussiounen iwwert ënnerschiddlech Mesuren a Strategië sinn elo méi w