Jo, mir liewen an enger ganz spezieller Zäit, wou d‘Welt den Otem unhält .

Mir fillen eis an eiser Existenz bedrot, sief dat mëttelfristeg duerch de Klimawandel, oder kuerzfristeg duerch de Coronavirus.

Dat ass gewëss fir keen einfach, an mir hoffen, datt et méiglechst schnell eriwwer ass, a mir nees an eise gewinnten Alldag rëmfannen.

Mee ass déi aktuell Kris net och, trotz allem Misär, an engem gewësse Sënn eng Chance ?

Dofir hei e puer Froen, déi een sech stelle kann :

Wäre mer ouni de Coronavirus je fräiwëlleg bereet gewiescht, all Aktivitéiten rouen ze loossen, fir datt d‘Natur sech mol bësschen erkréie kënnt ? Wuel kaum !

Hätte mir eis eng Denkpaus gegënnt, fir mol driwwer nozedenken, wou eis Gesellschaft histeiert, an ob mer e „ Weiter so ! “ wierklech wëllen .Wuel kaum !

Ass et net opfalend, datt mer eis ausgerechent lo an der Faaschtenzäit befannen, déi fir d‘Chrëschten eng Zäit vum Verzicht op Iwwerflësseges an vun der Rëckbesënnung op dat Wesentlecht bedeit, an wou et heescht :

„Kehre um und glaube an das Evangelium !“

Jo, leeft net villes schif, a si mer net am Gaang eis chrëschtlech an humanistesch Wäerter total iwwer Bord ze geheien ?

Ass et net un der Zäit, ëmzekéieren, an, ouni déi aner auszegrenzen, déi eemoleg Dualitéit vu Mann a Fra , aus deenen hirer Léift eleng e Kand entstoe kann, als Famill besonnesch ze schützen?

Solle mer net wech vun enger mënscheveruechtender Kommerzialiséierung vum Kand als Wuer, déi ee bestelle kann, zum Recht vun all Kand op Mamm a Papp ?

Solle mer net wech vun enger Astellung , déi nëmmen e Selbstbestëmmungrecht vun der Fra unerkennt, an zrëck zum Respekt virum ongebuerene Liewen als eemolegt kostbaart Geschenk ?

Sollen mer net wech vum Ofliwwere vu Babyen a friem Hänn, an zrëck zu engem gemittleche Doheem bei Mamm a Papp ?

Solle mer net wech vum Allmachtswahn vum Mënsch, deen sech als Här iwwer Liewen an Doud opspillt, zrëck zu der Unerkennung vun engem Schöpfergott, dem Ursprung vun allem Sein, deem mer eng Kéier Rechenschaft ofleeë mussen ?

Dat sinn alles Froen , déi et wäert sinn datt een driwwer nodenkt, soss riskéiere mer nieft dësem reng kierperleche Tsunami duerch deen aktuelle Virus och nach e geeschtegen a gesellschaftlechen.

Loosse mer dës Bedenkzäit notze fir aner Prioritéiten ze sëtzen, a fir ëmzedenken, soss riskéiere mer nieft dem materiellen a kierperlechen, och e bleiwende séileschen Schued fir eis Gesellschaft, an den Ënnergang vun eiser Zivilisatioun.