Léiwen Éducatiounsminister, Här Claude Meisch,
Léif Lieser/innen,

ech sinn den Oliver Thull vun der 1ère B aus demLycée Aline Mayrisch Luxembourg. D’Situatioun am Moment ass fir jiddwer Persoun aus eiser Gesellschaft eng surrealistesch. Eng ganz Rëtsch vu Mesuren si geholl gi fir d’Verbreedung vum Covid-19 an eisem Land ze verhënneren. Net essentiell Geschäfter a Betriber sinn zou an d’Richtlinn vun eisem alldeegleche Liewen ass de “Bleif Doheem”. Des weideren huet den Éducatiounsminister, Här Claude Meisch entscheet fir ab dem 16. Mäerz aus un op den Homeschooling ëmzesteige fir dass d’Schüler vun doheem aus kënnen ënnerriicht ginn, wou de Risiko sech mam SARS-CoV-2Virus unzestieche géint Null geet. Dës Period war initial bis den 20. Abrëll ugeluecht ginn, se ass awer mëttlerweil bis mindestens de 4. Mee verlängert ginn. Fir all aner Schüler ewéi d’Premièren dauert se bis den 11. Mee, voir souguer de 25. Mee fir Grondschoulen. Dës a vill aner Mesurë goufen de 16. Abrëll vum Minister Meisch per Pressekonferenz un d’Land matgedeelt.

Leider mengen ech, dass d’Entscheedungen déi viru kuerzem getraff goufen net exklusiv am Interessi vun der Gesondheet vum Schüler an der Gesellschaft geholl goufen. Heimat erlaben ech mir op déi eenzel Punkte vun der Pressekonferenz anzegoen a meng Bedenken derbäi ze erläuteren.

D’Schoul als Medium fir sech unzestiechen

Déi meescht Schüler benotzten de Schülertransport oder den ëffentlechen Transport fir an d’Schoul an natierlech och fir erëm Heem ze kommen.
Och wann den Effektiv vu Schüler hallwéiert gëtt ass et an engem Bus schlecht bis guer net méiglech deen am Normalfall virgeschriwwenen 2 Meter Mindestofstand anzehalen deen vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) recommandéiert gëtt. Zwar besteet eng Flicht Masken am ëffentlechen Transport unzedoe mee e Reschtrisiko bleift fir all eenzelen Schüler a Schülerinne bestoen. Zemools fir Premièren déi den Examen um Horizont stoen hunn ass dëst en onnéidege Risiko deen se all Dag agoe mussen.

Dach och wann ee bis an der Schoul ass, kann een sech net “sécher” fillen, well och am Gebai selwer ass et schwéier en Garant ze hunn dass d’Sécherheetsmesuren agehale ginn. All Schoulgebai ass verschidden an d’Direktiounen si beoptraagt ginn eng Léisung fir hir Raimlechkeeten ze fannen. Eng Propos déi den Éducatiounsminister gemaach huet ass d’Trapenhaus ze splécken an aus de Gäng e Sens-Unique ze maachen. Leider ginn et och Schoulen an Deeler innerhalb vu Schoulen, wou sou eng Spléckung net méiglech ass, a wou den direkte Kontakt vu Proffen a Schüler, an och Schüler ënnerteneen net vermidde ka ginn. Dat beschte Beispill wier do d’Trapenhaus, well och wann nëmmen d’Hallschent vun de Schüler do sinn, sou ginn dach d’Trapen (fir an d’Paus oder fir zeréck an de Kuer) iwwerduerchschnëttlech staark beusprocht.

Déi nächst Propos vum Éducatiounsminister war d’Klassen opzesplécken. De Proff selwer hält da säi Kuer pro hallef Klass a muss dann an der Hallschent vum Kuer de Sall wiessele fir bei deem aneren Deel vun der Klass (dee selwechten) Kuer ze halen. De Proff ass awer an deenen zwou Klasse present an ass no de Richtlinne vum Ministère net gezwongen ee Mondschutz unzedoe wann hie Kuer hält. An och wann de Proff grad keng Symptomer opweist sou kann hien den SARS-CoV-2 nach ëmmer iwwerdroen, souwuel un deen ee Grupp als och un deen aneren. Dat wier en typesche Fall vu Kräiz-Kontaminatioun.

E weidere Point de contamination potentielle sinn d’Toiletten. Dës wäerte vu ville Persounen aus verschiddene Klasse benotzt ginn an et wier onmënschlech ze verlaangen, dass de Schüler wärend engem Dag, dee gäre mol 8 Stonnen dauert, keng eng Kéier op d’Toilette geet.

Aus enger Ried virun net emol engem Mount hat de Premierminister, Här Xavier Bettel annoncéiert dass all gréisser Evenement mat iwwert 100 Leit bis den 31. Juli net erlaabt ass. Elo ass et awer sou dass mir an der Schoul eng Paus erlaabt kruten. Och wann den Effektiv vun de Schüler hallwéiert ass an een d’Paus an zwee Roulemente spléckt, wieren dat an dësem Fall ab dem 11. Mee nach ëmmer méi ewéi 300 Schüler déi gläichzäiteg an de Preau/Haff ginn. Dass do nach de Mindestofstand kann agehale ginn, ass am Moment net wierklech virstellbar.

Eppes wat an de Medien ëmmer nees thematiséiert gëtt ass: “Wann de Sécherheetsofstand vun 2 Meter net ka garantéiert gi muss een e Mondschutz undoen”. Dës Ausso ass natierlech richteg a soll agehale gi wann ee liewenswichteg Aktivitéiten, ewéi akafe goen, ënnerhëlt. Ass et elo awer wierklech Noutwendeg, dass all Schüler aus dem Land sech deene Mesuren ënnerzéie muss, wann et dach virdrunner mam Homeschooling sou gutt geklappt huet? Ausserdeem ass d’Droe vun engem Mondschutz am Klassesall selwer net obligatoresch, mee just “fortement recommandé”. Am Endeffekt bréngen dann déi ganz Mesuren ausserhalb der Klass näischt, wann ee Klassekomerod oder en Proff sech, ouni et ze wëssen, mam SARS-CoV-2 infizéiert huet an sech d’Recht eraushëlt keng Mask (am Klassesall) ze droen. Doduerch kann dann d’Loft wei och d’Uewerflächen am Klassesall kontaminéiert ginn. Wei och schonn aus dem Schreiwes vun der Santé nationale erausgeet, bréngen d’Masken nëmmen eppes wann déi Persoun déi infizéiert ass se unhuet, a bidde kaum Eegenschutz. Dowéinst soll also grad am Klassesall nach méi penibel dorobber opgepasst ginn, dass de Mondschutz richteg an déi ganzen Zäit ugedoe bleift.

Den psycheschen Drock dee vun der Situatioun ausgeet

En Aspekt dee menger Meenung no an den Entscheedunge staark vernoléissegt ginn ass, ass de psycheschen Drock deen op de Schüler an de Proffe läit.

Sech an deenen 10-Schouldeeg unzestiechen heescht fir e Primaner och, dass hien/hat den Examen net matschreiwe kann. Ass de Fall da bis bestätegt, ass eng Quarantän fir déi betraffe Persounen (an deemno och säin Ëmfeld) virgesinn. Dobäi läit déi üblech Inkubatiounszäit vum SARS-CoV-2 am Reegelfall bei 5-7 a maximal 14 Deeg (Ministère de la Santé). Dat entsprécht dann de Woche virum Exame wou een am meeschte léiere kann, an et wier dann net emol sécher, dass een dann den Exame matschreiwe kéint.

Derzou kennt dann nach, dass een seng Famill a Matmënschen och net dem Risk aussetze wëll sech bei engem selwer infizéieren ze kënnen. Och an eisem Alter ginn et Leit déi zu de vulnerabele Persoune gehéieren oder mat vulnerabele Leit doheem wunnen. Et well een seng Matmënschen sou gutt wei méiglech schützen, an dowéinst huet een och déi lescht 5 Woche verzicht, sengem “normalen” Liewen no ze goen, wei seng Frënn ze gesinn. Déi Isolatioun huet méi oder manner staark psychologesch Konsequenzen op Jiddereen. Puer Schüler gi mam zousätzleche Stress ganz gutt eens, anerer manner an dach wier dat keen Argument fir déi Situatioun schéin ze schwätzen.

A ville Fäll sinn d’Schüler ganz gutt eens gi fir vun doheem aus ze schaffen. Anerer hunn d’Motivatioun komplett verluer, erëm anerer hunn net emol de Kader gehat fir anstänneg léieren ze kënnen. En haart Ëmfeld, keen anstännege Réckzuchsuert oder och de mentalen Drock deen d’Aarbechtsliewe vun den Eltere betrëfft, huet dem Schüler nach zousätzlech Steng an de Wee geluecht. Léiere mat Bedenken a Suergen ass natierlech méi schwéier wéi ouni a fir verschiddener onméiglech. Dës ass en zousätzleche Stress deen zum Examen nach dobäi kennt. An awer muss ech hei scho kuerz preziséieren, dass ech dogéint sinn d’Examen ze verréckelen oder guer net schreiwen ze goen.

Den Aspekt vu Mënschemassen

Wei scho gesot gouf viru kuerzem vun der Regierung decidéiert, dass Evenementer vu méi wéi 100 Persoune bis den 31. Juli verbuede sinn. Ech bewäerten och d’Schoul als en Evenement, well och do grouss Mënschemassen openeen treffen. An eisem Fall, am Lycée Aline Mayrisch Luxembourg, wieren dat dann an der éischter Woch méi ewéi 130 Primaner, d’Léierpersonal, an all déi aner Employéen am Secteur d’Éducatioun (wéi d’Direktioun, d’Conciergerie, etc.). Dat si scho weit iwwer 150 Persounen. Nach méi kritesch gëtt et dann an der Woch wou d’Hallschent vunde Schüler aus dem Secondaire nach dozou an d’Schoul kommen. Dat wieren dann nach eng Kéier iwwer 600 Schüler méi am Gebai. Dat a Verbindung dozou, dass een den ëffentlechen Transport benotzt an an engem Haushalt statistesch gesi méi wei 2 Persoune pro Haushalt wunnen (STATEC 2019), ass de Risiko ginn dass d’Reproduktiounszuel drastesch an d’Luucht geet. Wann een awer bis mierkt dass déi ganz Situatioun aus dem Rudder leeft, wäert et schonn ze spéit sinn. En kuerze Bléck a Richtung Süd-Europa geet do schonn duer.

Wéinst de Lockerunge vun der Isolatioun an der Reouverture vun de Schoulen, geet och d’Toleranzgrenz vun de Schüler erof sech un d’Isolatioun ze halen. Et wäert nach eng Kéier méi schwéier sinn, sech net mat de Kolleegen ausserhalb der Schoul ze treffen, well ee schonn dee ganzen Dag mat hinnen an der Schoul verbruecht huet. D’Warscheinlechkeet sech manner no de Sécherheetsmoossnamen ze riichten ass deementspriechend ginn.

Wei kéint een et besser maachen?

Den Här Claude Meisch huet wärend der Pressekonferenz en Donneschdeg de 16. Abrëll betount, dass Schouldoheem gutt zu Lëtzebuerg fonctionéiert huet. Dowéinst steet berechtegt d’Fro am Raum, firwat een dat fir déi lescht 10 Deeg fir d’Primaner net nach weiderféiere kann. Desto manner Leit mat aneren a Kontakt kommen, desto besser. Doheem bleiwen ass eng Mesure déi geholl ginn ass fir Schued ze minimiséieren, an den Zäitpunkt fir domadder opzehalen ass denkbar schlecht.

Trotzdeem ginn et Schüler déi hier Proffen nach eng Kéier virum Examen a Persoungesi wëllen. Dat ass ee Wonsch deen een novollzéie kann, well fir gewësse Schüler de Proff méi ewéi nëmme “Léierpersonal” ass an den Discours eng mental Stëtz virun de bevirstoenden Exame bidde kann. Awer gesäit dat net all Schüler als noutwendeg un, a ka mat sech selwer vereenbaren sech deem Discours ze entzéien. Fir all de Schüler do en Stéck entgéint ze kommen, géif ech virschloen, dass een dat ganzt fakultativ mëscht. Dat heescht, de Schüler d’Méiglechkeet ze bidden sech mat de Proffen ofschwätzen, bei deenen se eng Entrevue als wichteg empfannen, mee doraus keng Obligatioun ze maachen. D’Schoule wieren dann och op fir déi, déi léiwer an der Schoul léieren, well se do méi Kapazitéite mobiliséiere kënne wei an den eegene véier Maueren.

Gesat dem Fall wou d’Schoul vum 4. Mee un erëm obligatoresch wier, missten no den opgezielte Punkten e puer Mesuren ugepasst oder geännert ginn.

  • De Mondschutz muss permanent zur Ausstattung vun all Schüler dozou gehéieren an am Klassesall obligatoresch sinn, sou wei op aneren ëffentleche Plaze wou den Ofstand vun 2 Meter net zu all Zäitpunkt ka garantéiert ginn.
  • An de Schoulbusser muss ee garantéiere, dass ee wäit genuch fort vun anere Setze kann. Dat heescht da warscheinlech, zum Bedauere vun der Ëmwelt, eng méi héich Frequenz un Schoulbussen an dicht bevëlkerten Quartieren.
  • Eng hallef esou grouss Klass muss dee ganze Schouldag am nämmlechte Klassesall bleiwen an et däerf een net wéinst engem Fach de Sall wiesselen. Dëst gëtt da méi komplizéiert wärend de Pausen, mee och do léisst sech sécher an noer Zukunft eng Léisung fannen.

Ech well nach eng Kéier präziséieren, dass ech dofir sinn, dass den Exame geschriwwe gëtt an ech momentan just mat de Mesurë vun der Situatioun net averstane sinn. Eisen Diplom, dee mer eis zum Schluss vum Joer duerch eise Fläiss verdéngt hunn, soll genau sou vill Wäert si wei all déi Jore virdrunner och schonn, an eis d’Méiglechkeet bidden sech ob de verschiddensten Universitéiten unzemellen.

Bis elo ass een de Schüler schonn en ganzt Stéck entgéint komm, an dofir muss een och emol en Merci ausschwätzen. Eis Notten am Joer kënne mer deelweis fort loossen oder nach zousätzlech Prüfunge schreiwen, fir se ze verbesseren. Och de ganzen Examensprogramm gouf ugepasst a gekierzt, fir dass nëmmen dat am Examen drun kennt, wat ee mam Proff an der Klasse bis den 13. Mäerz gesinn huet. Dat sinn definitiv Aspekter déi en faveur vum Schüler sinn an der Situatioun adequat ugepasst goufen.

Mat der Hoffnung ob een Discours, bei deem et net em d’Fronten tëschent Schüler a Ministère, mee em d’Léisung als Kollektiv geet,
Oliver Thull - mat Ënnerstëtzung vum Steve Bernard.