Esouguer wann ech ët wöllt gleewen, kann ech ët nët. 4 Plakater mam Hr Frieden (mir errëneren ons, dat wor mol déen mam kalen Haerz) op der Foto am RTL reportage.

Plakat 1. 20% manner Administrativen Opwand.

Firwat nët méi wéi 20%. An der leschter CSV Regierung 2009-2013 wor fir d'administrativ Vereinfachung am öffentlechen Dengscht+administrativer Reform, Mme O. Modert(CSV) Ministesch. Wärend daer Zait hät jo können Vill gemeet gin,oder? Fazit Plakat 1 nët gleewbar.

Plakat 2. Sécherheet+700 méi Polizisten.

Formatioun fir e Polizist 2-3 Joer. Ofgäng an Pensioun an där Zait, X Polizisten. Déi Zuel vun 700 as also relativ. Fusioun vun Police a Gendarmerie wor 2000, dodurch sin vill Policebüroen verschwonn, folglech manner Sécherheet. Zoustännegen Minnister demols am Intérieur: Hr M. Wolter (CSV). Fazit Plakat 2 sét a sech naischt aus.

Plakat 3. Méi an der Täsch. Méi Netto, Manner Steiëren.

Besser wier méi um Konto well eng Täsch as Mengenméisseg begrenzt wou awer e Konto no uewen nët. Wien huet dann a senger langer plolitescher carriére déi néideg Reformen nët an Wéer geleet? Wien wor vun 1998-2009 Minister vum Tresor a Budget? Wien wor vun 2009-20132 Finanzminister? Den Hr Luc Frieden (CSV)). Fazit Plakat 3 nët gleewbar.

Plakat 4. Méi Plaz fir Wunnraum, méi schnell, méi héich.

Lëtzebuerg huet eben just 2586 Km2. Méi schnell? Mat nëmmen 20% manner administrativen Opwand? Plakat 1. Mei héich-wär nëmmen an de greisten Stied méiglech. Oder wöllen mer de ländlechen Raum mat 10-15 Stäck héichen Gebaier verschampléieren? De Wunnengsbau wor mol Chefsach ënnert dem Hr Juncker.(CSV) Wien wor dann an der leschter CSV Regierung 2009-13 Minister vum Logement, an delegéierten Minister fir nohalteg Entwecklung an Infrastruktur?. Den Hr M. Schank (CSV).A wat as all déi Joeren mat CSV Regierungen geschitt? Naischt bis nët vill. Fazit Plakat 4 eng eidel Ausso.

Eng Nei CSV fir eng Nei Politik? Elo wées ech ët ërëm. Ech kann ët nët gleewen. An Dir?

Den Auteur bezitt sech a sengem Lieserbréif op dësen Artikel:D'CSV huet hire Walprogramm fir d'Chamberwale presentéiert

*Den Numm vum Auteur ass der Redaktioun bekannt