"Zäit fir eng nei Politik". Mat dësem Slogan geet d'CSV am Oktober an d'Chamberwalen.

Eng nei Politik mat engem neien Luc Frieden, wëll ee bei de Chrëschtlech-Sozialen. Deementspriechend war et dann och de Spëtzekandiat, deen e Freideg de Walprogramm virgestallt huet. Manner Steieren a méi Kafkraaft, ënner anerem doropper wëll een de Fokus leeën. Et wéilt ee fort vun der Politik, déi d'Dräier-Koalitioun zënter engem Joerzéngt mécht.

D'CSV huet hire Walprogramm presentéiert / Chris Meisch

Am CSV-Walprogramm stinn 10 Prioritéiten.

An Etappe sollen de Steiertarif nei gestalt an de Mëttelstand entlaascht ginn. Famillen a Jonker sollen ënner dem Stréch méi eraus kréien, sou Spëtzekandidat Luc Frieden.

"Mir hätte gären, dass d'Leit méi Netto vun hirer Paie iwwreg hunn fir kënnen hire Prêt ze bezuelen. Mir hätte gären, dass awer och méi gebaut gëtt, méi schnell gebaut gëtt. Dofir mussen d'Prozeduren iwwerkuckt ginn a musse steierlech Moossnamen geholl ginn, fir dass d'Leit kënne kafen oder investéieren, well mir brauche Wunnengen a mir mussen am Bauperimeter kucken, dass keng zousätzlech Ëmweltkomnpensatiounsmoossnamen stattfannen."

Nieft Steieren a Logement setzt d'CSV den Accent op d'medezinesch Versuergung. An den Urgence soll ee besser bäikommen. Dem Manktem u Fleegepersonal soll entgéintgewierkt ginn, ënnert anerem duerch méi attraktiv Konditiounen.

Och d'Sécherheet spillt bei der CSV eng wichteg Roll. D'Police misst méi um Terrain, a manner mat administrativen Tâchë beschäftegt sinn. 700 zousätzlech Poliziste sollen iwwer déi nächst 5 Joer rekrutéiert ginn.

Fir hir Messagen ënnert d'Leit ze bréngen, versicht d'CSV méi Presenz an de soziale Medien ze weisen an eng einfach Sprooch mat klore Messagen ze notzen, sou de Claude Wiseler.

"Wann dir eis Affiche gesitt, da gesitt dir, dass mir am Fong probéiert hunn, eis wierklech ze konzentréieren op essentiel Aussoen, déi verständlech sinn. Dat ass dat éischt an dat zweet dat ass, natierlech mussen déi Aussoen och kredibel personifizéiert sinn . Dofir si mir frou, dass mir den Luc Frieden als Spëtzekandidat hunn, well ech mengen, et ass ganz kloer, dass hien déi Aussoen, déi mir maachen, an eiser Walcampagne kann personifizéieren, och credibel personifizéieren."

Virun 10 Joer war d'CSV fir d‘ läscht un der Muecht. Eng Koalitioun ass fir déi Chrëscht-Sozial just mat den dräi grousse Parteien aus der Mëtt dran

RTL

© chris Meisch / RTL


Nationalwalen - D'Kandidaten an der Iwwersiicht