Ech géif gär e puer Leit, déi ee Commentaire gemach hunn, Äntweren zu verschiddenen Theme vun dëser Sendung ginn:

Direkt am Ufank gesot:  ech sinn Educateur, pensionéiert zwar, mee hu ganz laang an enger MR Relais geschafft a kenne mech aus.

- HAUSAUFGABEN MR: an de mam Staat conventionéierte MR DIERFEN d'Educateuren net hëllefen, mee d'MR MUSS eng roueg Plaz mat enger Opsiicht zur Verfügung stellen. D'Kanner mussen net an d' Hausaufgabe goen, mir hu se awer ëmmer motivéiert derzou. De Kanner erklären ass net eis Aarbecht, och wa mir et mol maachen. Wa mir mierken, datt si net mat der Hausaufgab eens ginn, huele mir Kontakt mat hirer Joffer / hirem Schoulmeeschter a soen deenen dat.
 
 - KLASSESÄLL: an der Mëttesstonn huet all MR ee "Restaurant" zur Verfügung. Do iessen d' Kanner awer net an de Klassesäll 
 
- FRÄIZÄIT an de Klasssäll: Dat gouf scho virun dëser Emissioun oft gesot, mee PARDON: et kann net sinn, datt Kanner hir Fräizäit do verbréngen. Dat ass ee Sall fir ze léieren, deen ass net amenagéiert, fir ze spillen an eng relax Mëttesstonn oder ee flotten Nomëtteg do ze verbréengen

Wär dir als Erwuessene frou, wann dir är Fräizäit op der Aarbecht géift verbréngen? Am Klassesall ass Material vun anere Kanner, vum Léierpersonal. No Corona waren eis Cyclen nach eng laang Zäit vun enee getrennt. Mir haten 3 Säll zur Verfügung: et war iwwerhaapt net flott, weder fir d' Kanner nach fir eis. A souwiesou huet ee Klassesall fir vill Kanner eng negativ Säit, well se do heiandsdo keng schéin Erliefnisser hunn, mee oft och Frust erliewen. 
 
- MÉI KANNER PRO EDUCATEUR AM IESS-SALL: 
Et gëtt eng Norm wéivill Kanner een Educateur dierf betreien, aus Sécherheetsgrënn dierfen et der net méi sinn. An et géif och net hëllefen, wann een Educateur der géif méi huelen, et kënne just souvill Kanner an de Sall, wéi Plaz ass. 
 
– ESB KANNER
D’Besoinen vu Kanner mat Problemer sinn an der Schoul anerer wéi bei eis an der MR. Mir huelen och Kanner mat Behënnerung resp. hunn eng Rei Kanner mat Problemer. Mee bei eis ass Fräizäit, dat ass ganz anescht, wéi ee Schoulalldag. Natierlech hu mir fir sou Kanner Erzéiungspläng, heiandsdo 1:1 Betreiung, usw
Mee an der Schoul sinn aner Ziler an déi Educateuren, déi do schaffe mat deene Kanner schaffen, maachen eng aner Aarbecht, wéi mir an der MR.
 
 - VIRRECHT FIR ELTEREN DÉI SCHAFFEN FIR ENG PLAZ
Fir eng Plaz an der MR ze kréien, gëtt et verschidde Kritèren. Ech wëll lo net op déi all agoen, just op 1.
Wa Leit net schaffen, si si net déi éischt an der Rei fir eng Plaz. Awer Leit, déi beim Arbeitsamt ageschriwwe sinn, kréien eng Plaz, wann eng fräi ass, och wa se nach net schaffen. Well se jo vun engem op deen aneren Dag eng Schaff kéinte kréien an dann eng Plaz fir d‘ Kanner mussen hunn.
Mir hunn een Agreement, dee festleet, wéivill Kanner an deem Gebäi kënne betreit ginn. Si keng Plaze méi do, da si keng do. Et ass natierlech net flott, wann ee keng kritt. Mee wann een z.B. am Laf vum Joer plënnert an dat net schon am Joer virdrun, wéi d’Aschreiwunge ware wosst, da kann et sinn, datt keng Plaz fräi ass; da kënnt een op eng Liste d’attente oder et kritt ee just verschidden Zäiten, zu deenen d‘ Kanner komme kënnen.
 
Zu gudder Lescht: ech verstinn de Besoin vun den Elteren. Jiddereen huet d’Recht schaffen ze goen, déi meescht mussen zu 2 schaffe goen, immens vill Leit si monoparental. Et feele Plazen, dat ass kloer. 
Mee weg: maacht keng sou eng riiseg grouss MR. Kleng  Häiser a kleng Gruppen, Strukture mat genug Säll, manner Kanner pro Educateur, dat ass wat d‘ Kanner brauchen. Si hu während der Zäit kuerz no Corona oft gesot: „Wat ass dat sou schéin, datt mir als Cycle 3 fir eis sinn. Et ass zwar schued, datt mir net an de Säll vun der MR sinn, mee et ass souvill méi roueg, vill manner Stress, vill manner Sträit“. 
A gitt den Educateuren an de MR méi Stonnen. Och si musse schaffe goe fir ze liewen, si maachen dee Beruff zwar aus Iwwerzeegung a well si déi Aarbecht gär hunn. Mee och si musse Geld verdingen. Ausserdeem: wasi méi Stonnen hunn, da musse si net an hirer Fräizäit Virbereedunge fir hir Aarbecht maachen, mee kënne sech vu engem immens schéinen awer ustrengenden Job erhuelen.