Carte blanche vum René WinkinEng Léisung fir de Mindestloun am Joer vun der Kompetitivitéit

René Winkin
Déi europäesch Direktiv iwwer de Mindestloun steet lo scho méintelaang an der Aktualitéit, ouni dass schaffend Leit a Betriber wëssen, wat d’Politik da schlussendlech doraus maache wëll. Dozou puer Iwwerleeungen an ee Virschlag an der Carte blanche vum René Winkin.
© RTL

Et gëtt keen europäeschen Text, dee Lëtzebuerg eng aussergewéinlech Erhéijung vum aktuelle Mindestloun imposéiert. Dat ass ee Fakt. Déi aktuell Diskussioun ass eng national.

Et ass sécher net falsch, dass een zu Lëtzebuerg mam Mindestloun net einfach iwwer d’Ronne kënnt. Grad sou wouer ass et, dass ee franséische Grenzgänger mat onsem Mindestloun netto méi verdéngt wéi 60% vu senge Compatrioten. Ma dëst ass kee groussen Trouscht fir de Lëtzebuerger Resident, deen hei keng bezuelbar Wunneng fënnt.

Di prinzipiell Fro, déi sech stellt, ass, ob de Mindestloun am deiere Lëtzebuerg soll eleng duergoen, fir dezent duerch d’Liewen ze kommen a, wa jo, ob mir da bereet sinn, de wirtschaftlechen a beschäftegungspolitesche Präis dofir ze bezuelen.
Bis ewell suerge sozial Leeschtunge fir een adequat Zousazakommes. De Mindestloun gëtt indexéiert an hält zudeem Schrëtt mat der allgemenger Lounentwécklung, an net méi.

Brécht ee mat deem Prinzip, wéi et elo verschiddentlech gefuerdert gëtt, da kann ee vun engem Paradigmewiessel schwätze mat Signalwierkung an eis Ekonomie. D’Betriber an hir Clientë wäerten dat Signal wouerhuelen.
Net all Betrib, oder Secteur hätt d’Méiglechkeet, déi zousätzlech Käschten un d’Clientë weiderzereechen. Déi, di dat kënnen, wäerten d’Deierecht hei am Land zousätzlech undreiwen. Déi aner loosse Plommen, wat mëttelfristeg zu strukturellen Upassunge féiert, déi den Undeel vun onse Lounempfänger am niddrege Segment no ënnen drécken. Ganz einfach, well verschidden Aktivitéite sech net méi rentéieren am Land an de Client net méi mat mécht.

Wéi vill vum gewënschten Akommes-Effekt um Schluss iwwreg bleift fir déi betraffe Leit? Ech schätze wéineg bis guer näischt.

Aus héchste Regierungskreesser gëtt bis ewell beschwichtegt. Geet d’Politik um Enn awer an déi Richtung, da ginn et déi virdru genannte Konsequenzen. Dat schéngt och gewosst ze sinn. Dofir kënnt dann d’Iddi, souguer vun der Oppositioun, et kéint een de Betriber dat jo kompenséieren. Esou eng komplizéiert Kompensatioun misst jo da schonn dauerhaft sinn, wann een d’Konsequenzen net just retardéiere wëll.

Falls een also de schaffende Leit méi Akommes iwwer d’Aarbecht wëll ginn, well ee mengt, cibléiert Sozialtransferte wäre bësse verpöhnt a wann een d’Betriber iwwer déi traditionell Upassunge vum Mindestloun eraus wëll verschounen, da misst een dat Ganzt och einfach an effikass gestalten.

Eng schlecht Moossnam bleift eng schlecht Moossnam, och wann ee se da kompenséiert. Dofir géif ech deen Ablack éischter fir Steierkreditter plaidéieren, sou, wéi se schonn an der éischter Tripartite 2022 intelligenterweis decidéiert goufen.
Eng Moossnam, dauerhaft a cibléiert op d’schaffend Leit, déi net souvill Akommes hunn. Dat wär och eng Äntwert op d’Kritik vun de Gewerkschaften, dass vun der nobäi 1 Milliard aus dem Budget fir de politesche Projet vun enger eenzeger Steierklass dauerhaft näischt bei deenen ukënnt, déi et am meeschten néideg hätten.

D’Land brauch win-win Decisiounen. Där, déi der Realitéit vu staark steigendem Chômage a menacéierte Betriber gerecht musse ginn, besonnesch lo, wou dann och nach eng Indextranche annoncéiert ass … am Joer vun der Kompetitivitéit.

Back to Top
CIM LOGO