Carte blanche vum Christiane BramDry-january, Off-february, eis ganzheetlech Gesondheet réckt an de Vierdergrond

Christiane Bram
Nom Dry January, deen an aller Mond ass, geet et viru mam nächste Challenge, dem Off February. A wat kënnt duerno? Et fillt ee sech scho bal als Aussenseiter wann ee bei dëse selwer-deklaréierte Challengen net matmécht. Dozou eng Carte blanche vum Christiane Bram, Ekonomist a Kommunikatiounsexpert.
© RTL

Carte blanche vum Christiane Bram

Nom Succès vum Dry January, dee mëttlerweil och op Ënnerstëtzung vun ëffentlecher Säit ziele kann, kënnt den Off February sou lues méi an d’Gespréich. D’Iddi heibäi ass e Mount ouni sozial Netzwierker ze verbréngen, an sou déi rëmgewonnen Zäit ze zelebréieren. Spuenien, Frankräich an England hu mat dësem Challenge zu der à priori zweet gréisster Addictioun vun eiser Gesellschaft ugefaangen. Fräiwëlleg Challengen hunn am Moment eng grouss Akzeptanz an der Bevëlkerung queesch duerch all Alterskategorien. Wat eigentlech eng gutt Saach ass, well positiv Resultater erziilt ginn duerch perséinlecht Engagement an ouni intensive Käschtepunkt.

Ganz interessant dobäi ass dat an eiser Gesellschaft, déi ëmmer méi op Individualismus ausgeriicht ass, et hei nees op de kollektiven Zesummenhalt ukënnt, fir e perséinlechen a gemeinschaftlechen Erfolleg z’erliewen. Zesumme si mer staark.

Aner Ofhängegkeeten, wéi den Tubak an den Zocker, hunn et nach net zum ëffentleche Challenge gepackt, och wann de Mount November schonn a Frankräich an an der Schwäiz als Mount ouni Zigarett deklaréiert ass.

Wann d’Medezin op dëst individuellt a kollektiivt Engagement usetzt, da maximiséiere mer eis Liewenserwaardung a Liewensqualitéit. An deem Sënn ass déi ganzheetlech a funktionell Medezin, déi de Mënsch am Gesamte betruecht, e grousse Schratt no vir. Lëtzebuerg investéiert vill an d’Recherche a Biotechnologien, mee leider ginn et ganz wéineg Dokteren, déi an dem Beräich Verständnis hunn, a Behandlunge proposéieren. Dobäi geet d’Biomolekularmedezin op d’Mëtt vum 20. Joerhonnert zréck, och wann den Duerchbroch vun der ugewannter Orthomolekularmedezin iwwer déi lescht 15 Joer komm ass an zum Beispill bei laangwierege Krankheete d’Traitementer sou ganz individuell op de Patient ugepasst kënne ginn.

An der Preventivmedezin ginn dogéint Analyse vu Mikronäerstoffer nach vill ze wéineg mat abezunn. Weder Generalisten nach Spezialiste befaasse sech an der Reegel mat Bausteng wéi Vitaminnen, Mineralstoffer an Amino- a Fettsaieren. Nach iwwerhëlt d’Krankekeess de Remboursement vun dëse Leeschtunge respektiv Traitementer. Obwuel eng Abberzuel wëssenschaftlech Studien d’Resultater vun der orthomolekularer Medezin beleeën an dëst och e wesentlecht Element wier, vun enger Strategie fir de Personalmangel am medezinesche Beräich - den ëmmer méi akut gëtt - ze geréieren.

De Futurolog a Wëssenschaftler Ray Kurzweil, dee sech intensiv mat Biomolekularmedezin ausernee setzt, geet ganz wéit a seet dat de Mënsch a 5 Joer kéint onstierflech sinn, duerch en Zesummespill vu kënschtlecher Intelligenz, Bio- an Nanotechnologien. Op dat en iewescht Zil soll sinn, sief dohi gestallt. Mee vläicht gëtt de Mount Mäerz dann an Zukunft de Challenge vun der gesonder Daarmflora.

Back to Top
CIM LOGO