
Hei eng gutt Nouvelle: Vun alle Länner an der EU hunn tëscht November 2023 an Oktober 2025 am meeschte Leit zu Lëtzebuerg hiren Account op der Plattform X zougemaach (1); et ass e Minus vu 40 Prozent (2). Et misst ee Lëtzebuerg dofir felicitéieren.
Well: haut nach op X aktiv sinn, also dem Musk seng Firma domat stäerken, dass een him seng Daten a säi Content schenkt – et ass e bëssen, wéi wann een 1938 Aktie fir Krupp-Stol kaaft hätt. De Musk ass jo dee sinistere Personnage, deen den Hitlergruß weist, rietsextreem Parteien ënnerstëtzt a fir den Trump d’Verwaltung esouwäit “reduzéiert” huet, datt se hir Aarbecht net méi richteg ka maachen. Dobäi huet e villen Amerikaner hir Date matgoe gelooss, fir eng K. I. domat ze fidderen, déi mëttlerweil Kannerpornographie produzéiert. Lescht kognitiv Meeschterleeschtung: De Musk behaapt, d’Originne vun der amerikanescher Kultur wären englesch, schottesch an iresch (3). Dee Mann mécht sech wierklech null Méi, säi Rassismus a seng Bornéiertheet ze verstoppen.
Gutt gemaach, Lëtzebuerg, also. Oder? Leider net ganz. Nach ëmmer gëtt et op X ronn 188.000 lëtzebuergesch Accounts. Dat sinn natierlech net alles wierklech Leit – an et weist, niewebäi gesot, wéi grouss den Undeel vu Bots op de Soziale Medien ass. Och déi lëtzebuergesch Ministeren, vill staatlech Administratiounen a souguer d’Police sinn op X aktiv. Firwat eigentlech?
Wann all déi Ministeren, staatlech Administratiounen a souguer d’Police gesammelt géifen op eng méi verstänneg Plattform plënneren, soe mer mol: Mastodon oder Bluesky, déi genee déi selwecht Funktionalitéiten hunn, ouni e Faschist méi räich ze maachen (an, jo: ech menge “Faschist” als tatsächleche Faschist, net als Metapher fir: vag politesch riets), da misste jo all déi Leit, déi op Informatioun ugewise sinn, also d’Journalisten, och op déi verstänneg Plattform plënneren. An no de Journalisten och déi Leit, déi wëllen hir Meenung iwwer aktuell Sujete soen, déi Lëtzebuerg betreffen. Well de relevante Content kënnt jo vum Staat a sengen Administratiounen, déi aner maachen eppes domat. Einfach, nee?
Ech soen dat net fir d’éischt, mee ech soen et gär nach eng Kéier: A wann dann nach d’Regierung op d’Iddi kéim, bei der EU Drock ze maachen, dass et eng EU-Plattform géif ginn – sou wéi et jo och ëffentlech-rechtlech Fernseh- a Radiossendere gëtt, dat wär mol eng wierklech gutt Nouvelle.
(1) D’Zuele stame vun X. D’EU forcéiert Sozial Medien am Kader vum Digital Services Act, verschidden Donnéeën ëffentlech ze maachen, dorënner och d’Userzuelen. Hei fënnt een d’Rapporte vun de leschte Joren am Detail: https://transparency.x.com/en/reports/dsa-transparency-report (fir d’lescht opgemaach den 19.2.2026).
(2) Zu Lëtzebuerg war X respektiv Twitter nach ni déi relevantste Plattform ënnert de Soziale Medien. Mee e Minus vu 40 Prozent ass awer remarkabel.
(3) Am Post vum 15.2.2026 huet de Musk geschriwwen: “For a country to survive, there has to be a common culture. Nobody dies to defend a ‘multicultural economic zone’. American culture, with ist English-Scotts-Irish origin, is great and worth fighting for. Some may not realize it, buët that’s why people come here.”