Carte Blanche vum Fernand FehlenD’Alphabetiséierung op Franséisch

Fernand Fehlen
Haut erënnert de Fernand Fehlen un e Pilotprojet aus den 1980er Joren, fir eng franséisch Alphabetiséierung anzeféieren. Och wann sech d’Sproochesituatioun säitdeem grondleeënd geännert huet, kann een dorausser nach vill léieren.
© RTL

Carte Blanche vum Fernand Fehlen - Alphabetiséierung

Tëschent 1983 an 1987 sinn et zu Esch-Uelzecht an an der Haaptstad Pilotklasse ginn, mat enger Alphabetiséierung op Franséisch an engem intensiven Däitsch-als-Friemsprooch-Unterrecht ab dem drëttem Schouljoer. Et ass erstaunlech, datt déi deemoleg Erfarungen net zentral an deen neie Projet ALPHA agefloss sinn. Datt ee mat engem geziilten Däitsch-als-Friemsprooch-Unterrecht fir d’Kanner aus der franséischer Filière ee méi héijen Niveau um Enn vun der Primärschoul erreeche kann, huet sech deemools net bestätegt. Am Géigendeel: d’Schüler waren total demotivéiert fir dës Sprooch.

Hir Chancen nom sechste Schouljoer hunn sech also net verbessert an d’Elteren ware veronséchert. Dofir koum de Ministère zum Schluss, datt eng Alphabetiséierung op Franséisch nëmmen da Sënn mécht, wann et eng richteg franséisch Filière vum Ufank bis zum Enn vun der Scolaritéit gëtt. D’Conclusioun fir haut: Et muss ee schonn elo ufänken de Lycée ëmzebauen, fir datt déi éischt Well vu Schüler, déi do mat nëmme rudimentären Däitschkenntnisser ukommen, net ënnerginn.

De gréissten Ënnerscheed tëschen deemools an haut ass d’Plaz vum Lëtzebuergeschen an der Grondschoul. Viru véierzeg Joer war säi Gebrauch op ganz wéineg Geleeënheete begrenzt an et ass eréischt säit 20 Joer, datt et offiziell als Unterrechtssprooch, zum Beispill am Eveil aux Sciences, däerf benotzt ginn. Mam neie Projet ALPHA erlieft et elo säin definitiven Duerchbroch: am gemeinsamen Unterrecht gëtt Lëtzebuergesch fir béid Schülergruppen zur Haaptunterechtssprooch. Déi eng huelen hiert Wëssen an hir Aufgabestellungen allerdéngs aus däitschen an déi aner aus franséischen Texter, déi a gemeinsamen zweesproochege Bicher stinn. Hir Hefter an herno och hir Prüfunge schreiwen se dann nees an hire jeeweileger Schrëftsprooch. De Franséisch- an och den Däitschunterrecht riskéieren also nach méi zu enger formaler Übung ze ginn, déi wéineg mat Kommunikatioun ze dinn huet.

Mir sinn ons all eens, datt Lëtzebuergesch eng kleng Sprooch ass an am Schrëftlechen – als Literatursprooch an als Zeitungssprooch – wéineg gebraucht gëtt. Trotzdeem misst et an der Grondschoul endlech als Schrëftsprooch enseignéiert ginn. Aus Respekt vun de Kanner, déi et net schonn als Familljesprooch geléiert hunn an déi net nëmmen d’Zukunft vum Land mee och vun onser Sprooch an onser Méisproochegkeet sinn.

Back to Top
CIM LOGO