
D’Regierung huet nämlech décidéiert, am Kader vun der Allocation de naissance eng zousätzlech véiert Tranche anzeféieren, fir d’Wichtegkeet vun der Sprooch-Evolutioun vum Kand an de Mëttelpunkt ze stellen.
Déi véiert Tranche, ronn 580€, si gebonnen un de Bilan 30 an un d’Participatioun um Programm Info Langage. D’Orthophonisten testen dem Kand seng Schwätz- an Héierkompetenz, si préiwen, ob et ganz Sätz ka maachen, wéi grouss säi Vocabulaire ass an ob et gutt verständlech schwätzt. Am Kader vum Programm Info-Langage (wou leider just 10% deelhuelen), erklären d’Therapeuten den Elteren, dass et wichteg ass, d’Kand duerch d’Schwätzen ze stimuléieren, a klären op iwwert déi eenzel Etappe vun der Sproochentwécklung.
A genee do schéngt et jo ze happeren.
Vill Kanner schwätzen net gutt, wa se mat dräi Joer an de Precoce kommen, an dat obwuel viru Joren 20 Gratisstonnen an enger méisproocheger Erzéiung an de Crèchen agefouert goufen. Dës Mesür schéngt deemno net gegraff ze hunn, well wisou soss géif elo des véiert Tranche agefouert ginn. Ech begréissen dat absolut, et hätt scho vill éischter misse gemaach ginn, mee ech woen awer ze soen, dass et eigentlech dramatesch ass, dass et muss esou wäit kommen.
D’Personal an de Crèchë verfüügt leider net iwwert déi noutwenneg Zäit, fir déi kleng Kanner esou ze stimuléieren an op all Kand anzegoen, wéi dat misst sinn. Ee Gléck, dass lo endlech de Personalschlëssel adaptéiert gëtt. D’Fro ass awer och: Schwätzen d’Eltere genuch mat hire Kanner? An hirer Mammesprooch? Dës Aufgab kann en Handy net erfëllen. Mat de Kanner ze schwätzen ass den A an den O fir hir emotional Entwécklung, sozial Kompetenzen a Selbstwäertgefill ze stäerken. Och Nolauschteren ass enorm wichteg: et soll een de Kanner weisen dass een him seng Gefiller, seng Gedanken eescht hëlt.
An da léieren d’Kanner natierlech vun hiren Elteren, vun hiren Erzéier, wéi si matenee schwätzen. Erfëllen déi Erzéiungsberechtegt dës Virbildfunktioun? D’Sproochentwécklung vun engem Kand baséiert op der Kommunikatioun an Alldagssituatiounen, wou d’Saache mam Numm benannt ginn, d’Aktioune beschriwwe ginn, fir dass e Kand léiert, Wuert a Bild mateneen ze associéieren. Dozou gouf et mol ee flott Buch, Frups, dat d’Pediateren den Eltere konnte mat op de Wee ginn. Et schéngt et leider net méi ze ginn.
Ech wënsche mir fir d’Kanner, dass déi nei Mesür hir Friichten dréit, mee fir eng Partie Kanner, fäerten ech, ass et leider schonn ze spéit.