
Steet den Client nach un éischter Stell bei den Banken?
Munch Leit behaapten, dass een duerch d’Digitalisatioun u sech kee Boergeld méi bréicht. Anerersäits iergere sech awer vill Clienten, dass een op munche Plazen eemol net méi ka bor bezuelen. An dat net nëmmen am private Secteur, mee och bei de staatlechen- a kommunalen Institutioune gëtt oft nëmme méi d’Bezuele mat der Kreditkaart respektiv iwwert den Online Banking akzeptéiert a Bores refuséiert.
Dobäi soll een awer wëssen, dass et heifir eng EU-Direktive gëtt an och national Reegelunge bestinn, wou de Refus vu Bores souguer strofbar ass.
Virun allem ass et déi eeler Generatioun, déi vulnerabel Persounen an net nëmmen déi, sief et emol keng Kreditkaart hunn respektiv am Ëmgang mat den digitalen Technologien net sou vertraut sinn. Oder sief et souguer, dass nach munch Clientë kee PC respektiv Online-Uschloss hunn oder hir Operatiounen aus wellechem Grond och ëmmer nach wie vor mat Boergeld wëlle virhuelen.
Och wann anscheinend ëmmer méi Verbraucher just mat der Kreditkaart respektiv online bezuelen, ass dat nach laang kee Grond, fir d’Mënzen an d’Schäiner ofzeschafen. D’Banken hu scho souwisou vis-à-vis vum Client eng vill ze vill grouss Muecht a wou de Verbraucher ëmmer méi zum glieserne Mënsch gëtt an ronderëm d’Auer kann iwwerwaacht ginn.
Eng Zukunft ouni Boergeld kann engem schonns Angscht maachen. Well wéi dacks hu mir et schonns an der Vergaangenheet erlieft, dass et zu technesche Probleemer komm ass, wéi dat nach kierzlech bei LuxTrust de Fall war. Emol net drun ze denken, wann ee seng Kreditkaart geklaut kritt, verléiert oder souguer vun engem Moment zu deem anere seng Codë geknackt kritt, respektiv seng Kaart vun der Bank gespaart gëtt.
D’Mënzen a Schäiner garantéieren d’Privatsphär a Selbstbestëmmung! Duerfir bezilt de Client jo och sou munch Bankefraisen.
Dowéinst soll een dem Client och an Zukunft d’Fräiheet an d’Wiel iwwerloossen, selwer ze decidéieren, ob hien entweder Cash respektiv eben Online oder mat der Kaart wëll bezuelen, sou wéi et him am Beschte passt.
Et schéint ëmmer méi, wéi wann d‘Banken e Probleem mat der Betreiung an dem Service um Client hunn. Sou wéi een dat an leschter Zäit ëmmer méi dacks mat dem Zoumaache vu Bankagencen a Bankomate ka feststellen, wou ee sou etlech Kilometer muss fueren, fir där iwwerhaapt nach eng ze fannen. Oder virun allem Bankagencen nëmmen nach eng kuerz Zäit op hunn an de Client oft virun enger zouener Dier steet.
Hei wier och de Legislateur gefuerdert, deem Spillchen en Enn ze setzen. Well anscheinend geet et de Banke just drëms e Maximum aus de Clienten eraus ze quetschen. Zousätzlech schafft den Online Banking nëmmen Aarbechtsplazen an de physesche Kontakt of, wou et just nach ëm de maximale Profit anstatt ëm d’Interesse vum Client geet.