Carte blanche vum Robert WeberEuropa däerf net liberal an neutral sinn, mee muss eng Wäertegemeinschaft bleiwen!

Robert Weber
De fréieren LCGB-President an Deputéierte beschäftegt sech virum Europadag mat der neier Weltuerdnung an der Europäescher Roll hei matzendran.
© RTL

Carte blanche vum Robert Weber

Mir sinn an engem neien Zäitalter. Alles muss der fräier Maartwirtschaft weechen. Keng Gesetzgebung, keng Geriichtsurteeler, keng international Reegelen a keng demokratesch Systemer gëlle fir den Trumpismus. Och d'Gewerkschafte gehéieren an d'Dreckskëscht vun der Geschicht. Alles muss en Deal sinn, esouguer de Fridden. A jiddwereen soll fir sech selwer suergen. Sozialhëllef an Entwécklungshëllef si Relikter vu gëschter. De Kapitalismus floréiert ewéi scho laang net méi. Oligarche beherrschen d'Welt. UNO-Konventiounen an aner international Verträg stéieren dat grousst Friessen. D'Sozialversécherungswiesen, esouguer d'Gewerkschaften a virun allem hir Tarifpolitik musse fort. A wat këmmeren eis Immigranten, Flüchtlingen, Diktaturen a.v.m. wa se kee Profit bréngen?

Mir liewen also an enger absolut fräier Wirtschaftswelt an d'Fro sief gestallt, wat fir eng aner Wirtschaftsform a Gesellschaftsuerdnung kann a muss deem entgéintwierken?

Mir kennen dräi Wirtschaftsformen, déi och fir jeeweils eng Gesellschaftsuerdnung stinn: di staatlech gefouert Plangwirtschaft, di liberal Maartwirtschaft an di sozial, ökologesch Maartwirtschaft. D'EU huet sech zanter hirer Grënnung enger sozial, ökologescher Maartwirtschaft verschriwwen. Leider ënnert dem Drock vun Ideologien, vum Populismus, der Onwëssenheet an der politescher Bequeemlechkeet ginn de sozial an ökologesche Charakter ëmmer méi verluer. Dobäi leien d'Wuerzele vun dëser Wirtschaftsform an Europa. Gewëss gehéiere fräi Präisbildung, en offene Wettbewerb a.v.m. zu de grondleeënden Viraussetzunge vun enger maartwirtschaftlecher Uerdnung.

Awer zu enger Maartwirtschaft gehéiert virun allem, dass een de Mënsch an de Mëttelpunkt stellt. Eng Maartwirtschaft huet och en Uerdnungsgedanken, an dofir schwätze mer jo och vun enger sozial an ökologescher Maartwirtschaft. Dofir schwätze mer jo och vu Solidaritéit, Subsidiaritéit a vum Allgemengwuel. Mir brauchen an eisem Zesummeliewen an eisem Zesummeschaffen an an eisem Zesummenwirtschaften Wäerter a Reegelen!

D'Wirtschaft steet net iwwert enger fräiheetlecher Uerdnung, den Humanismus steet iwwert der Wirtschaft. Ween huet dann de Prinzip vun der sozialer Maartwirtschaft definéiert? Net den Adam Smith, net de John Stuart Mill, och kee Friedrich Hayek oder Karl Marx. Et waren zwee däitsch Chrëscht-demokratesch Politiker, nämlech den Alfred Müller-Armack an de Ludwig Erhard.

Vläicht sollten di däitsch an di lëtzebuergesch Chrëscht-Demokraten dës zwee Auteure mol erëm liesen. Hei steet villes vu couragéierten, soziale Korrekturen an engem Maart deen ausufert (kuckt d'Pëtrolspräisser). Vläicht ginn et dann sou liberal Iddien, dass de Maart alles eleng reegelt, e puer manner. Och an der CSV!

Back to Top
CIM LOGO