Carte blanche vum Anne CalteuxEuropa: eng Normalitéit, déi mir net däerfen als selbstverständlech huelen

Anne Calteux
Wat bedeit den Europadag haut nach an enger Welt, déi ëmmer méi onsécher a komplex gëtt?
© Andy Brücker

Dëse Bäitrag vum Anne Calteux, der Vertriederin vun der EU-Kommissioun zu Lëtzebuerg, ass eng Invitatioun, Europa net als Selbstleefer ze gesinn, mee als e gemeinsaamt Verspriechen, dat Verantwortung, Erënnerung an Engagement verlaangt – besonnesch vun a fir déi jonk Generatioun.

D'Carte blanche vum Anne Calteux

Am Moment schaffen ech zesumme mat menger Equipe intensiv un der Virbereedung vun de Feierlechkeete fir den Europadag. Fir mech ass dat eng gutt Geleeënheet, mech ze froen, wat den Europadag haut nach bedeit – an enger Welt, déi ëmmer méi komplizéiert gëtt.

Ech hu mech dëst Joer gefrot, ob de Robert Schuman an déi aner Grënnungspäpp stolz op dat Europa vun haut wieren. Ech mengen: jo – mee si wieren och besuergt. Stolz, well aus de Ruine vum Krich eng Unioun entstanen ass, an där Fridden, oppe Grenzen a gemeinsam Wäerter fir vill vun eis Alldag gi sinn. Dass eng Lëtzebuergerin haut ouni Passkontroll op Tréier fuere kann, wier fir si e grousst Gléck gewiescht.

Mee wa si haut op d'Ukrain kucke géifen, géife si eis sécher froen: "Hutt dir vergiess, firwat mir Europa gegrënnt hunn?" Fir si ass et deemools ëm dat Allerwichtegst gaangen: ni méi Krich, ni méi getrennte Familljen, ni méi Angscht virum Nopeschland.

Vläicht wier hire gréisste Virworf: "Dir huelt Europa als selbstverständlech hin – bis eng Kris kënnt." An hire wichtegste Rot wier warscheinlech: "Feiert dës Normalitéit, déi dir lieft. Mee vergiesst ni, datt si all Dag op en Neits verdeedegt muss ginn."

Well dat, wat eis haut selbstverständlech schéngt – Reesfräiheet, Fridden a gemeinsam Stäerkt – ass a Wierklechkeet dat Wichtegst, wat mir hunn.

Dat gëllt virun allem fir jonk Leit. Vill vun hinnen hunn et ni anescht kannt. Si wuessen europäesch op – besonnesch hei am Land – an erliewen Europa als selbstverständlechen Deel vum Alldag: oppe Grenzen, Erasmus, keng Roamingkäschten, den Euro, proppert Drénkwaasser, sécher Liewensmëttel a méi Schutz online.

Grad dofir ass et esou wichteg, hinnen ëmmer nees ze weisen, wéi staark Europa hiert Liewe verbessert huet. Dës Woch, d'europäesch Woch vun der Jugend, ass dofir e gudde Moment – an der Schoul oder doheem um Kichendësch.

Wat kënne mir der jonker Generatioun mat op de Wee ginn? Éischtens: Europa ass kee Selbstleefer. Fridden a Fräiheet sinn ni garantéiert. Zweetens: Europa ass äre Raum – notzt en, reest, léiert, engagéiert iech. Drëttens: Europa brauch är Iddien. Klimawandel, Digitaliséierung a sozial Gerechtegkeet kënne mir nëmme gemeinsam ugoen.

Den Europadag weist genau dat: Dir sidd net nëmmen d'Zukunft vun Europa – dir gestalt se schonn elo.

Europa ass eist Doheem – haut, all Dag, zesummen.

Back to Top
CIM LOGO