Carte blanche vum Marc HostertE lëtzebuergesche Paradox: Tëscht dirigistescher Virsuerg an individueller Responsabilitéit

Marc Hostert
Wéi vill Staat packt eise Portmonni, a wéi vill Fräiheet affere mir fir d'Sécherheet? An enger Zäit vun héije Spritpräisser an deierer Energie steet de Lëtzebuerger Sozialmodell am Mëttelpunkt. E Plädoyer fir geziilt Solidaritéit an de Courage fir Eegeresponsabilitéit.
© RTL

Eng Carte blanche vum Marc Hostert

D’Präisser op der Pompel, d’Inflatioun dréckt op d’Kafkraaft an de Ruff no staatlechen Entlaaschtunge gëtt ëmmer méi haart. Mee wou zéie mir d’Grenz tëscht engem hëllefräiche Staat an enger Vollkasko-Mentalitéit, déi d’Eegeninitiativ a Responsabilitéit erstéckt?

Wa mir haut iwwer d’Roll vum Staat debattéieren, beweege mir eis an engem klassesche Spannungsfeld vun der politescher Philosophie. Op der enger Säit steet de “Leviathan”, de staarke Staat als Garant fir all Zorte vu Sécherheet, an op der anerer Säit d’Ideal vun der Eegeresponsabilitéit, déi d’Fräiheet vum Eenzelen als héchste Wäert verdeedegt.

Zu Lëtzebuerg ass dësen Dilemma am Abrëll 2026 méi present wéi jee. Mat der rezenter Hausse vun de Bensinnspräisser an enger Period vun héije Konsum-Präisser gëtt de Ruff no staatlecher Interventioun ëmmer méi haart. D’Fro no der Staatsquot, déi sech geféierlech dem 50-Prozent-Niveau vum PIB approchéiert, ass dobäi net méi just eng statistesch Gréisst, mee och eng fundamental Fro iwwer d’Natur vun eiser Gesellschaft.

Eng ze héich Staatsquot riskéiert d’Wirtschaft ze erstécken. Wa mir d’Staatsinterventiounen ze vill ausbauen, bestinn d’Gefore vun enger Lämung vun der Privatinitiativ an enger bürokratescher Iwwerlaaschtung. Eng iwwerméisseg staatlech Steierung kann den individuellen Effort onattraktiv maachen. Eegeresponsabilitéit ass de Motor vum Fortschrëtt; se fuerdert d’Kapazitéit, op Schwankunge mat Adaptatiounen ze reagéieren, amplaz passiv op eng staatlech Vollkasko-Léisung ze waarden.

Gläichzäiteg ass de Prinzip vun der Solidaritéit de Pilier vun eisem soziale Fridden an eiser sozialer Kohäsioun. Besonnesch an Zäite vun akuter Präisdeierecht bei der Energie däerf de Staat net zum blousse Spectateur ginn. De lëtzebuergesche Modell baséiert op der Iddi, datt kee Bierger duerch extern Schocken an d’Prekaritéit fale gelooss gëtt. Hei huet de Staat d’Missioun vum Korrektiv – geziilt an esou minimal wéi méiglech, awer esou effektiv wéi néideg ze hëllefen.

D’Léisung läit an der Proportionalitéit: De Staat soll deenen de Réck stäerken, déi et wierklech néideg hunn, ouni dobäi d’Ambitioun vum Rescht vun der Gesellschaft duerch eng iwwerfuerdert Staatskeess ze sedéieren.

An dësen Zäite vun héije Präisser ass d’Versuchung grouss, de Staat als eng Zort All-Garant ze gesinn, deen all Risiko eliminéiert. Eng Solidaritéit, déi net méi differenzéiert, riskéiert d’Fundamenter vun eiser Wirtschaft ze ënnergruewen. De Staat soll d’Sécherheetsnetz sinn, dat eis virum Fall schützt, mee et ass och d’Eegeresponsabilitéit, déi et eis erlaabt, proportionell zu eise Moyene Verantwortung a Gestaltungsfräiheet an eisem Liewe selwer ze iwwerhuelen.

D’Eegeresponsabilitéit op dem Altor vun der Confort-Solidaritéit ze afferen, da verléiert eng Gesellschaft net nëmmen hir Dynamik, mee op Dauer och hir Fräiheet!

De Marc Hostert ass Ekonomist.

Back to Top
CIM LOGO