Carte blanche vum Tom WirionIwwer de Mindestloun eraus denken

Tom Wirion
No der Ukënnegung vun der Regierung, de soziale Mindestloun ëm 3,8 % ab dem 1. Januar 2027 ze erhéijen, rifft den Direkter vun der Chambre des Métiers, Tom Wirion, dozou op, d'Debatt ëm de Mindestloun grondsätzlech nei ze cadréieren.
© RTL Grafik

Eng Carte blanche vum Tom Wirion

De soziale Mindestloun steet zu Lëtzebuerg reegelméisseg am Mëttelpunkt vun der Debatt.

Eng europäesch Direktiv freet tatsächlech, dass eng objektiv Evaluatioun vum Mindestloun muss gemaach ginn, fir ze kucken, ob dee Mindestloun nach adequat ass am Kontext vun de Liewenskäschten.

Hei ass d’Realitéit awer ganz einfach.

Lëtzebuerg huet kee Lounproblem. Et huet e Problem mat de Liewenskäschten. A virun allem: e Wunnengsproblem.

Lëtzebuerg huet haut schonn den héchste Mindestloun an Europa, an trotzdeem hunn ëmmer méi Leit Schwieregkeeten, fir uerdentlech ze liewen. Dat ass de Kär vum Problem.

Wann d’Liewenskäschten ëmmer méi séier klamme wéi d’Léin, da léise mir näischt, andeems mir de Mindestloun ëmmer nees erhéijen. Mat enger Mindestlounerhéijung vun 3,8% kann nämlech nach ëmmer kee sech eng Wunneng zu Lëtzebuerg leeschten.

Och wann den Effekt vun enger Erhéijung direkt do ass, hält en net un.

D’Erhéijung gëtt opgefriess: vun de Loyeren, vum Präis vum Terrain, an enger Entwécklung, wou d’Käschten aus dem Rudder gelaf sinn.

An et gëtt nach eng aner Wourecht.

All Erhéijung vum Mindestloun bedeit och eng zousätzlech direkt Belaaschtung fir d’Entreprisen. Dat gëllt fir vill Betriber. Do, wou d’Margë knapp sinn. Do, wou d’Konkurrenz grouss ass. An do, wou d’Entreprisë scho laang ënner Drock stinn.

D’Entreprisen droe Verantwortung. Mee si kënnen net dat ausgläichen, wat strukturell am Land schif leeft.

Den Elefant am Raum - jidderee gesäit en, mee kee schwätzt dovun - Et ass net de Mindestloun. Et ass de Wunnengsmaart.

Lëtzebuerg huet e staarke wirtschaftleche Modell. Mee mir hunn et net fäerdeg bruecht, gläichzäiteg eng Wunnengspolitik ze maachen, déi domat Schrëtt hält. D’Resultat gesi mir haut. An d’Léisunge leien zanter laangem um Dësch – d’Chambre des Métiers an aner Acteuren hu se ëmmer nees kloer formuléiert.

Wann mir et eescht menge mat der Kafkraaft, da musse mir do usetzen, wou de Problem läit. Beim Wunnen.

Soulaang d’Wunnengspräisser op engem ze héijen Niveau bleiwen, wäert eng weider Erhéijung vum Mindestloun näischt änneren.

Et ass eng Léisung, déi keng ass.

Tom Wirion
Directeur général Chambre des Métiers

Back to Top
CIM LOGO