
De leschte Mëttwoch gouf iwwerall op der Welt de sougenannten "Earth Day" gefeiert.
Op dësem Dag soll op d'Wichtegkeet vun enger liewenswäerter Natur an op d'Limitte vun eiser Äerd higewise ginn - awer och op de Wäert vun der globaler Gerechtegkeet an dem Fridden an der Welt.
Villes, wat zu dëse Prinzippie bäidréit, kann een eleng maachen. Dat Meescht awer hänkt vu kollektive Prozesser of, déi um lokalen, nationalen, europäeschen an awer globalen Niveau getraff ginn.
Duerfir fannen och Manifestatiounen op der Strooss statt, déi ëmsou méi wichteg sinn, wann déi global Matverantwortung vun ëmmer méi Säiten a Fro gestallt gëtt.
Dëst Joer ass den Earth Day zu Lëtzebuerg bis virun d'Chamber gezunn. Well och um Niveau vum nationale Parlament muss déi global Solidaritéit nees méi staark am Bewosstsi vun de politesch Verantwortleche verankert ginn.
"Ëmmer méi extrem Wiederverhältnisser ënnergruewen d'Liewensqualitéit a bedreeë ganz Gemeinschaften. Si sinn d'Resultat vun engem wirtschaftleche System, deen d'Profitmaximéierung iwwer d'Existenzrecht vun de Mënsche stellt, an onbegrenzte Wuesstem op Käschte vun eisem Planéit ustrieft", huet et um Earth Day geheescht.
Donieft gouf festgestallt, datt de Groussdeel vum Klimawandel vum globalen Norde verursaacht ass - aktuell duerch en iwwerduerchschnëttlech grousse Konsum vun de weltwäite Ressourcen - an historesch duerch den ugesammelten CO2-Ausstouss verursaacht vun der Industrieproduktioun säit dem 19. Joerhonnert.
Wärend nach 2024 eng grouss Majoritéit vun der Chamber de Prinzip vun der sougenannter Additionnalitéit bestätegt huet - also vun enger engagéierter Kooperatiounspolitik, déi soll 1% vun eisem nationalen Akommes ausmaache plus eng substanziell Ënnerstëtzung vum globale Süden am Kampf géint de Klimawandel, gouf dëst vun der Regierung, ausgerechent wärend der Debatt iwwer d'Politik vun der Entwécklungszesummenaarbecht virun engem Mount, a Fro gestallt.
D'Fuerderung um Earth Day:
Lëtzebuerg soll säi Bäitrag zu de Beméiunge vum Globale Süden, dem Klimawandel entgéint ze wierken, weider ausbauen an eben net de Prinzip vun der Additionnalitéit a Fro stellen an domadder de Budget vun der Kooperatiounspolitik reduzéieren.
De finanziellen Engagement a Saachen international Solidaritéit insgesamt zeréckzeschrauwen, an Zäiten, wou déi global Krise sech verstäerken, ass effektiv genau déi falsch Conclusioun.