
Trump, Klimakatastroph, jonk Leit mat ëmmer méi Zukunftsproblemer, déi Räichsten ee Prozent, déi konstant méi räich ginn. Wann ee moies opsteet, ass et net esou evident gutt Laun an Zouversiicht ze hunn. Wéi oft huet een awer schonn de Saz vu Soziologen, Psychologen an och Ekonomisten héieren: an all Kris stécht och eng Chance, erënnert Dir iech?
Covid als Chance fir en anere Gesellschafts- a Wirtschaftsmodell mat manner Stress a méi soziale Kontakter, den Ukrain-Krich als Chance, fir endlech Neel mat Käpp an der Energietransitioun an der Reform vun der Landwirtschaftspolitik ze maachen.
Ech war vläicht ëmmer naiv, ma ech duecht déi Erfarunge sinn esou aschneidend, elo ännert sech eppes a mir schaffen un engem anere Gesellschafts - a Wirtschaftsmodell, wou mir manner ofhängeg si vun Autokraten, d’Liewensqualitéit viru Wuesstem steet, weltwäit méi sozial gerecht ass a virun allem e liewenswäerte Planéit fir déi nächst Generatiounen hannerléisst.
Bon, meng Hoffnung war net ganz berechtegt. E bëssen huet sech gedoen, mä bei wäitem net genuch. Mir wëllen eigentlech eng Course gewannen, ma dabbere ganz gemittlech an och nach ouni Landkaart.
2 harmlos Beispiller weisen dëst:
D’Fra vum Zeitungsbuttek sot mir wéini, si misst elo, obwuel si net all Dag schafft an eng kleng Pai huet, fir 500 Euro de Mount tanken, den ëffentlechen Transport ka si net huelen. Parallel liest een, datt et mam Verkaf vun den E-Autoen nach net genuch virugeet.
Dëser Deeg huet mir dann och nach e Bekannte gesot, hien däerf keng Wäermepompel bei sech bauen, well seng Gemeng grondsätzlech keng virun den Haiser geneemegt an et just do bei him geet. Do kacht nach all Gemeng hir eegen Zopp, wéi schlecht och ëmmer.
Dat nennt een da wuel Energietransitioun. Wa mer et emol net fäerdeg bréngen, eng längst iwwerhollen, immens oneffikass an am Verbrauch extreem deier Technologie fir de Verbrenner duerch performant E -Autoen ze ersetzen. National ze reegelen, wou a wéi déi sou wichteg Wäermepompelen installéiert däerfe ginn. Ma wéi kréie mer dann déi ekologesch sozial Transitioun hin, déi eis nach villes méi ofverlaangt a villes méi komplizéiert ass?
Ass elo de Konflikt am Noen Osten eng nei Chance?
Bon, d’Hoffnung stierft ze lescht. Ma do ass et, wéi wann den Dokter engem seet, beweeg dech méi, et ass néideg fir deng Gesondheet an ee selwer net wierklech Loscht huet. Da muss de Misär sou grouss an d’Zukunftsvisioun esou staark sinn, dass een nawell urappt. A genau dat brauche mir elo.
Probleemer éierlech benennen, déi wierklech Léisungen ugoen an eng positiv Zukunftsvisioun. Mir brauchen e richtege Ruck an der Politik. Eng Politik, déi net kuerzfristeg betriibsekonomesch denkt, ma gesellschaftlech laangfristeg. Eng éierlech Sprooch, wou d’Politik hiert feelend Handelen net duerch Sloganen, wéi mir wëllen d’Leit net nerven, iwwertünscht an hir Verantwortung op den Eenzelen ofdréckt. Mir brauche grad als Lëtzebuerg eng Steier fir dee Hyperräich, well d’Sozialgerechtegkeet de Fundament ass. Mir brauchen eng Zukunftsvisioun, déi net nëmme reng technokratesch ass, mee eng handlungsorientéiert a responsabel Politik, wou ee weess, wou se steet.
An dat heescht och, dass Google keng Geneemegung däerf kréien, fir en Datazenter, dee manner performant ass wéi den Duerchschnëtt vun all hiren Datenzentere weltwäit.
Wien do jo seet, dee mécht de Kniefall virun internationale Firmen, seet jo zu ale Modell an engem Standstill, amplaz positiv Zukunftsvisiounen ze entwéckelen an unzegoen.