Carte blanche vum Laura ZuccoliOns Heemecht

Laura Zuccoli
Laut KI ass d'Lëtzebuerger Identitéit engersäits duerch eng staark national Kultur ronderëm d'Lëtzebuerger Sprooch an anerersäits duerch eng international Oppenheet, Multikulturalismus a Méisproochegkeet gepräägt. Si baséiert op engem Gläichgewiicht tëscht der Verbonnenheet mat der eegener Geschicht an der Integratioun vu Bevëlkerungsgruppe vu verschiddensten Originnen. E Gläichgewiicht, dat eng permanent Erausfuerderung duerstellt.
© RTL Grafik

Carte blanche vum Laura Zuccoli

Haut, um Virowend vum Nationalfeierdag, ass e giedleche Moment fir iwwer d'Definitioun vun der Lëtzebuerger Identitéit ze schwätzen. D'Lëtzebuerger Gesellschaft war ëmmer an ass och haut méisproocheg, Franséisch an Däitsch hunn d'Politik, d'Verwaltung an eis Schrëftkultur laang historesch dominéiert. D'Lëtzebuergescht gëtt awer dacks als dat ultimatiivt Symbol vun eiser nationaler Identitéit präsentéiert, dobäi schwätzen nëmme 55% vun den Awunner et fléissend. D'Héichhale vun der Lëtzebuerger Sprooch déngt an éischter Linn der Ausgrenzung, net der effektiver Integratioun.

Trotz de ville Stonnen an de Lëtzebuergeschcoursen hu Grenzgänger ewéi och auslännesch Residentë wéineg Zougang zum Lëtzebuergeschen, well si weder doheem, nach op der Aarbecht oder an hirem privaten Ëmfeld genuch Geleeënheet hunn, eis Sprooch ze praktizéieren.

Ass d'Lëtzebuerger Sprooch tatsächlech d'Fundament vun eiser Identitéit? D'Hallschent vun eisen Awunner an eisem Land hunn déi lëtzebuergesch Nationalitéit net. Wann een eis national Identitéit weiderhin iwwer d'Sprooch definéiert, baut ee muttwëlleg Barriären op. Et mécht ee bewosst den Ënnerscheed tëscht "Si" a "Mier". Eise Premier huet a senger Ried zur Lag vun der Natioun ëmmer erëm d'Wuert "zesumme" benotzt. Fakt ass awer, datt déi verschidde Gemeinschaften, och d'Lëtzebuerger, am Land éischter parallel an niewentenee liewen.

Gebierteg Lëtzebuerger besëtzen déi meescht Schlësselpositiounen a Politik oder Verwaltung. 75% vun de Salariéen zu Lëtzebuerg hunn net déi Lëtzebuerger Nationalitéit. Op 100 Mënschen, déi haut hei zu Lëtzebuerg schaffen, sinn der 25 Lëtzebuerger, 28 sinn auslännesch Residenten a 47 si Grenzgänger aus Nopeschlänner. Si bezuelen all bei eis hir Lounsteier, mee hu laang net all déi selwecht Rechter. Mir hunn dee weltwäit héchste PIB pro Awunner a Lëtzebuerg gëtt dacks fir säi staarke Sozialsystem, säin héije Mindestloun a säi grousszügege Steiersystem gelueft. Mee dëst Bild kann déi wuessend Ongläichheeten tëscht gebiertege Lëtzebuerger a bäigepraffte Migranten oder Grenzgänger net verstoppen.

A souguer wann een déi Lëtzebuerger Nationalitéit unhëlt, gëtt een doduerch jo keen anere Mënsch. Wie gëllt dann als "echte" Lëtzebuerger a kann een dat als Auslänner iwwerhaapt je ginn? Sinn déi Dausende Lëtzebuerger, déi déisäits der Grenz wunnen, nach richteg Lëtzebuerger? A wéi passen déi 200.000 däitsch, franséisch a belsch Frontalieren an eisen nationalen Narrativ vun der Lëtzebuerger Identitéit? Déi kulturell, sozial an ekonomesch Diversitéit an eisem Land ass enorm. Wa mer déi wëllen notzen, brauche mer nei Konzepter vun territorialen a multinationale Gemeinschaften, déi op gesellschaftlechem Engagement a Participatioun berouen, anstatt op Nationalitéit a Sprooch. Lëtzebuerg als Modell fir en oppent a villfältegt Europa. An eng staark an iwwerzeegent Äntwert op déi eekeleg Faschisten an Nationalisten, déi iwwerall op der Welt erëm opkommen.

Back to Top
CIM LOGO