Carte blanche vum Paul HammelmannSOS

Paul Hammelmann
Mat engem SOS weist de Paul Hammelmann a senger Carte blanche sech besuergt iwwer d'Opkomme vum Rietsextremismus och a besonnesch an eisen Nopeschlänner an erënnert u Positioune vun der kathoulescher Kierch an deem Kontext.
© RTL

Carte blanche vum Paul Hammelmann

SOS als Morsezeechen oder och am Funkverkéier gouf haaptsächlech an der Schëffaart gebraucht fir eng imminent Gefor fir Mënschen u Bord ze mellen an ëm Hëllef ze ruffen.

Wuertwiertlech iwwersat heescht et jo "Save our souls" also "Rett eis Séilen" an och wann haut den SOS ëmmer méi oft duerch en dräifache "MAYDAY" ersat gëtt, bleift déi reliéis-philosophesch Konnotatioun nach ëmmer aktuell well an de Borddokumenter an engem Fliger z.B., dem sougenannte "Manifest" geet nach ëmmer rieds vu "Souls on board", also Séilen u Bord.

Fir am kathouleschen Ekosystem ze bleiwen, erënneren ech un dem aktuelle Poopst Leo XIV. seng rezent Enzyklika (Magnifica Humanitas) wou e sech mat dem Obskurantismus aus der Silicon Valley auserneesetzt a sech iwwer d'Vergëtterung vum Profit op Käschte vun deenen Äermste beklot.

Méi explizitt hat de Poopst Pius XI. sech schonn 1931 an der Enzyklika "Non abbiamo bisogno", "Mir brauchen esou eppes net" iwwer den opkommenden italieenesche Faschismus beklot an 1937 an der Enzyklika "Mit brennender Sorge", am Originaltext op däitsch, den Nationalsozialismus an all senge Perversiounen denoncéiert.

Haut liese mer, datt 2027 a Frankräich de Kandidat vum "Rassemblement national" mat iwwer 35% vun den Intentions de vote geséchert an den 2. Tour vun de Presidentiellë kënnt, an datt am September a Sachsen-Anhalt d'AfD riskéiert, déi absolut Majoritéit ze kréien!

Dofir ass menger Ansicht no elo de Moment, fir e Noutruff ze senden well – an dat sollte mer eis bewosst sinn – wann de Faschismus bis do ass, da schéngt zwar nach ëmmer d'Sonn, Villercher päifen, mir gi muerges op d'Schaff an et ass alles normal.

Nëmmen déi Homosexuell kréien hir Rechter oferkannt… an Asylanten... an d'Immigranten… an déi Handicapéiert... a Muslimen… a Judden… an Dir an ech!

An da wëll kee méi gewosst hunn, wéini et ze spéit war.*

*Fräit Zitat vum Marina Weisband an der "SZ" zum 80. Anniversaire vum Krichsenn

Back to Top
CIM LOGO