
Op Drock vum amerikanesche Präsident hunn d'NATO-Memberstaate sech engagéiert, bis 2035 5% vun hirem Bruttoinlandprodukt fir Verdeedegung a Sécherheet auszeginn.
Fir Lëtzebuerg wieren dat, bei engem Wirtschaftswuesstem vun 3 Prozent, ronn 4,5 Milliarden Euro pro Joer. Dat si vill Suen.
Beim Logement awer kréie mir zanter Joren erkläert, dass dee Staat de Problem net eleng léise kéint. Dass mir dofir privat Investisseure bréichten. An, dass mir deene misste gutt Konditioune bidden. Mee wann et ëm Verdeedegung geet, da schéngen op eemol Milliarden do ze sinn.
Fir de Logement abordable stinn dëst Joer 355 Milliounen Euro am Staatsbudget. Dat ass ronn dräizéng Mol manner wéi dat, wat mir an e puer Joer fir Verdeedegung wëllen ausginn. Dat an engem Land, dat zanter Joren an enger permanenter Logementskris stécht.
Wa mir als Land 4,5 Milliarden Euro pro Joer fir eis militäresch Sécherheet mobiliséiere kënnen, da kéinte mir och eis Logementskris léisen. Mat esou engem Budget an enger konsequenter Buedempolitik kéinte Joer fir Joer Dausende vu abordabele Wunnengen entstoen. Mir kéinten de Bausecteur stäerken, Aarbechtsplaze sécheren an Dausende Familljen eng Perspektiv ginn. Mir kéinten d'Logementskris bannent enger Generatioun iwwerwannen.
Sécherheet ass net nëmmen Schutz géint eng militäresch Bedroung. Sécherheet ass weit méi wéi Panzer, Rakéiten a Munitioun. Sécherheet ass tout d’abord een Daach iwwer dem Kapp. Sécherheet ass d'Gewëssheet, datt een net aus senger Gemeng oder aus sengem Land verdriwwe gëtt. Sécherheet ass eng bezuelbar Wunneng.
D'Fro ass net, ob mir eis déi 4,5 Milliarden Euro leeschte kënnen. D'Fro ass, firwat mir se fir Waffen ausginn an net fir Wunnengen.