
Mir liewen an enger Welt vu KI, Krichsberichterstattung a Klimapolitik, an där ee mengt: nach ni war et esou wichteg, selwer respektiv kritesch ze denken. Mat der Schell am Schoulhaff rutscht een awer séier zréck an eng aner Zäit: 50-Minutte-Schichten, Fächer a Këschten, standardiséiert Programmer an Tester. D’Infrastruktur ass modern, mee d’Denkmuster bleift industriell.
D’Kärfro ass: Bereede mir Jonker op d’Roll als Bierger vir – oder just op déi nächst Prüfung? De brittesche Bildungspionéier Ken Robinson huet schonns virun 20 Joer gesoti: Schoulen hunn Talent, d’Kreativitéit auszebremsen, jo carrement ze zerstéieren. An eng Demokratie ouni Kreativitéit a Froestellung kritt séier eng zolidd trainéiert Konformitéit – also genau dat, wat mer gefillt schonns éiweg hunn.
Géint d’Bildungskris gëtt gären op “d’Politik” gewisen. Awer et si vill Hänn um Steier: Verwaltungen, déi eng Reform op déi aner duerchdrécken; Elteren, déi Sécherheet a Form vu Punkte sichen; Proffen, déi tëscht Programm an Dossieren erstécken; Schüler, déi d’Absurditéit spieren, mee wéineg bis guer näischt ze soen hunn. An ëmmer nees fiert de System zréck op dat, wat en am beschte kennt a kann: Standardiséierung.
Den Haaptmodus bleift Memorisatioun: Léieren als Bulimie – virdru vollstoppen, am Test rausspäizen, dono vergiessen. Amplaz metakognitiver Aktivéierung hu mir nach ëmmer Behaviorismus: Belounung a Bestrofung, Notten als Haaptwärung, Tester als Haaptzil. Dat gëtt absurd, wann den Inhalt selwer dacks obsolet ass: Fakten, déi de Smartphone an zwou Sekonne kennt.
E Beispill: d’Fach Soziologie op 1re G – eent vun den Haaptfächer mat sengen: „100 fiches de sociologie“. E „Buch for Dummies“: honnert Fichen, honnert mol Reproduktioun.
Keen ass begeeschtert – weder Schüler nach Proff, weder Elteren nach d’Politik. D’Schüler léieren d’Fichen auswenneg a gi se erëm, wéi Kaarten an engem Memory-Spill. Et geet net dorëms, soziologesch ze denken, mee d’Fiche korrekt zréckzeginn – ausgerechent an engem Fach, dat Gesellschaft a Muechtverhältnisser opmaache kéint.
De Philosoph Richard David Prechtii huet dës Logik op eng Formel bruecht: Eise Schoulsystem otemt bis haut de Geescht vum 19. Joerhonnertiii . Eng Léier - amplaz eng Denk-Fabrik – vill Stoff, vill Fichen, vill Output, wéineg Raum fir Froen. Mir schwätzen iwwer Citoyennetéit, mee trainéieren dacks just d’Fäegkeet, Aufgabe korrekt ofzeschaffen.
Eisen nationalen Oservatoireiv vun der Schoulqualitéit publizéiert dozou ëmmer erëm Rapporten – déi dann nom Motto “gelesen – gelacht – gelocht” am Tirang verschwannen.
Dann ass do nach PISA um Horizont. Neie Verglach, nei Tabellen, nei Ranking. Mir reagéiere mat besuergte Gesiichter, ronnen Dëscher, nach enger Reform. Symptomer ginn ëmmer méi präzis gemooss, d’Grondkrankheet – eng Schoul, déi net an d’Zäit passt – bleift awer déi selwecht. Eng wierklech Schoul vum 21. Joerhonnert géif d’Logik ëmdréinen: net nach méi Technik op den ale Modell, mee méi Zäit fir Froen, Zweifel a Reflexioun; méi Raim, an deenen diskutéiert a probéiert gëtt; Proffen als Mentoren amplaz Notte-Kontrolleuren; Bewäertungen, déi Feedback ginn an net nëmme sortéieren. Politesch a biergerlech Bildung heescht Jonker eescht ze huelen als déi, déi muer Decisiounen treffen – an hinnen haut schonn zouzetrauen, Nee ze soen an Alternativen ze denken. Esoulaang mir am 21. Joerhonnert liewen, mee mat engem Programm aus dem 19. léieren, bleift d’Schoul eng Fabrik Charlie Chaplinv sengem Sënn. Op Dauer kann eng Demokratie sech kee System leeschten, deen éischter Fichen trainéiert wéi Bierger… a schonns guer net mat KI déi – wéi villes – komm ass, fir ze bleiwen a schonns am Wochebett e Wonnerkand ass!
i Video:
Transcript:
ii
iii “Unser Schulsystem atmet bis heute den Geist des 19. Jahrhunderts.”, http://www.zeit.de/2013/16/richard-david-precht-schulsystem iv
v Charlie Chaplin - Modern Times (Trailer):
Wikipedia: https://en.wikipedia.org/wiki/Modern_Times_(film)