
25.000 Leit waren op der Strooss fir ee generéise Sozialstaat, 2/3 vun de Leit wëllen 2021 d’Aarbechtszäit erofsetze bei gläichem Loun, 92% vun de Leit hei am Land wëllen een nationaalt Liwwerkettegesetz, 90% si géint Deforestatioun.
Dëst ass ee klengen Echantillon vu méi oder manner seriéisen Zuelen a Statistiken, déi beandrocke sollen an déi virun allem d’Politik ënner Drock setze solle fir d’Laascht vun der Reguléierung op d’Betriber weider héichzehalen, wat och ëmmer nees geléngt.
Woufir soen ech “méi oder manner seriéis”? Net just well ech mer bei deenen Zuelen heiansdo d’Fro stellen, ob mer eng gekréckelt kréien oder ob d’Froe bei de Sondagen net ze suggestiv gestallt goufen. Nee ech froe mech virun allem, ob déi Leit, déi do zitéiert oder mobiliséiert sinn, sech wierklech ëmmer de Konsequenze vun deem bewosst sinn, wat se grad afuerderen, respektiv ob si och da konsequent mat sech selwer sinn an hiren eegenen Ufuerderungen entspriechend handelen.
Ass et wierklech konsequent, wann ee sech fir méi Nohaltegkeet asetzt, wat erfarungsgeméiss villes méi deier mécht, an dann, am selwechten Otemzuch nach ëmmer méi Kafkraaft fir jiddereen afuerdert. Nohaltegkeet, wann ee méi an d’Déift wëll goen, wéi just bëlleg Parolen op der Strooss, bedeit nun och mol op dat Eent oder Anert ze verzichten.
Eis Betriber hunn erwisenermoosse Schwieregkeeten, fir mat der internationaler Konkurrenz matzehalen. Sécher net eleng wéinst de Käschten a Restriktioune vun engem ëmmer méi exigente sozialen an ökologesche Reegelwierk, awer och dowéinst. An de Konsument heiheem mécht dacks monter mat.
Hei e puer Beispiller :
- Den Ofsaz vu Bioprodukter an onse Geschäfter ass ëmmer nach ze niddreg, trotz massiver Stëmmung géint Pestiziden.
- Den Zoulaf op importéiert Bëllegproduiten explodéiert, obwuel gewosst ass, dass déi Produkter dacks mol net onsen Normen entspriechen
- Autoen, déi ouni Mindestloun an Deforestatiouns- oder Klima-Oplagen a Belleglänner hiergestallt goufen, kennen ee grousse Succès.
- Souguer ëffentlech Ausschreiwunge vun deejéinegen, déi dat ganzt deiert Reegelwierk hei decidéiert hunn, souguer déi ginn nach ëmmer majoritär nom Prinzip “Gäiz ass gäil” attribuéiert.
D’Betriber reagéieren natierlech op dat Spannungsfeld tëscht Käschten an Oplagen, engersäits a Preferenze vun den Akeefer, anersäits.
Wou dat hiféiert, dat liese mer Dag fir Dag an der Zeitung: Deindustrialiséierung an Nullwuesstem. De Gap tëscht Usproch a Verhalen hannerléisst Spueren. De Bëllegimport an déi delokaliséiert Exportaktivitéit finanzéieren nu mol wéineg Léin, Pensiounen oder staatlech Leeschtung hei bei eis.
Vun eise Politiker wënschen ech mer fir d’neit Joer, dass si am ëffentlechen Debat nach méi op Kohärenz setzen an dobäi all wirtschaftlech a sozial Acteure responsabiliséieren. Dass si méiglech Widdersprëch nach méi thematiséieren a sech net ze vill vun Zuelen a Slogane beandrocke loossen, deenen hire Seriö dacks schonn un der Wuerzel kränkelt.