
Wéi wëlle mir wunnen ?
Zënter e puer Joer erlieft eis Gesellschaft verschidde matenee verbonne Krisen.
Si weisen alleguerten déi selwecht Fragilitéit: e graduelle Verloscht u Vertrauen.
An d‘Institutiounen, an d‘Fakten, an d‘Wëssenschaft, an d‘kollektiv Fäegkeet zesummen Entscheedungen ze treffen an op laang Siicht ze handelen.
Awer Ouni Vertraue ka keng Gesellschaft nohalteg funktionéieren.
D’Gestaltung vun eisem Liewensraum ass déi konkretst Aart a Weis, wéi eng Gesellschaft hir Wäerter ausdréckt. Si erfuerdert vill Ressourcen, formt Territoiren, beaflosst eist Verhalen a bestëmmt eis Liewensqualitéit och fir zukünfteg Generatiounen.
Déi aktuell Krisen hunn d’Limitte vun engem op Kuerzfristegkeet baséierte Modell gewisen.
An eisem Drock alles ze kontrolléieren, blockéiere mir ze oft d’Intelligenz vum Terrain, d’Kreativitéit a virun allem de gesonde Mënscheverstand.
Awer et gi Léisungen.
Als éischt musse mir méi mat onofhängege Planer detailléiert programméieren a plangen, ier mir bauen.
Ze vill Bauland a Wunnraum am Bestand bleiwen onbenotzt, blockéiert duerch Spekulatioun, ze vill Reegelen déi aktuell gutt an einfach Projeten net méi erlaben, ze schwéier a lues Prozeduren, mee och duerch den NIMBY – „Not in my backyard“.
Duerch dës Situatioun blockéiere mir och staark eis wirtschaftlech Entwécklung: ëmmer manner jonk Leit fannen eng Wunneng, obwuel si stabil Aarbechtsplazen hunn oder kéinte kréien.
Et feelt net u Léisungen: d’Renaissance vun der gudder Lëtzebuerger Traditioun an de Steeën ze investéieren - do och en Appell un d’Banken-, Weidernotzen, Ëmwandlung vu bestoende Gebaier (kuckt d’Houseeurope.eu-Initiativ, déi nach bis haut fir Ënnerschrëften op ass), nei Wunnformen: Kooperativen, sozial a intergenerationell Diversitéit.
Awer de Schlëssel läit an enger méi couragéierter Bauland-Politik an enger reeller Bereetschaft, méi a méi dicht a méi einfach ze bauen.
Awer keng administrativ Reform wäert duergoen ouni e kulturelle Wandel vun eis all. Loosst eis d’Logik vum stännege Mësstrauen, vum “jidderee fir sech selwer”, an de Refus vum Partage zum Wuel vun allen, hanner eis loossen.
Vertraue mir dem demokrateschen a participative Prozess, andeems mir nationalen a virun allem lokale gewielte Vertrieder erlaben, couragéis Projeten ëmzesetzen, déi iwwer d’Sensibilitéite vun de aktuellen Awunner erausginn;
an dat mat qualitéitsorientéierte Prozeduren: Architekten, Ingenieuren an Urbanisten hu vill Kreativitéit, fir a Liewensëmfeld mat engem reelle Mehrwäert fir eis all ze schafen.