D'Carte blanche vum Laura ZuccoliZu Lëtzebuerg ass Wunne kee Mënscherecht

RTL Lëtzebuerg
D'Recht op Wunnen, wéi den Artikel 25 vun der Mënscherechtsdeklaratioun et ausdrécklech festhält, besteet hei am Land ëmmer manner. Net nëmmen aus Mangel u Wunnraum, ma och aus finanziellen, formal-juristeschen oder soziale Grënn.
© RTL

Carte blanche vum Laura Zuccoli

Ëmmer méi Leit zu Lëtzebuerg fanne keng abordabel Wunneng, hu keen Daach iwwer dem Kapp. Ouni Wunneng keng Adress, ouni Adress keng Aarbecht, kee Bankkonto a kee Recht op Sozialleeschtungen. Et kann een eng Referenzadress an engem Sozialbüro ufroen, awer nëmmen als Lëtzebuerger, als unerkannte Flüchtling oder als Bierger aus der Europäescher Unioun, dee säit mindestens 5 Joer zu Lëtzebuerg wunnt a sozial verséchert ass. E Bierger aus engem Drëttland, dee seng Wunneng verléiert a keng aner fënnt, hat Pech, och wann ee jorelaang zu Lëtzebuerg legal gewunnt a geschafft huet.

Famillje mat e puer Kanner fanne schwéier eng Sozialwunneng. Als Reegel gëllt, dass d‘Elteren en eegent Zëmmer sollen hunn, Kanner am Alter vu 6-12 Joer maximal zu 2 an ab 12 Joer eleng an engem Zëmmer schlofe sollen. Ideal Konditiounen, mee esou sinn Sozialwunnenge fir kannerräich Famillje rar. Well mer verbassen un dëse Konditioune festhalen, musse vill Famillje weider ënner onzoumuttbaren Ëmstänn wunnen, ouni eng realistesch Perspektiv, fir jee eng Sozialwunneng ze kréien.

D’Openthaltsgeneemegung fir Bierger aus Drëttlänner an unerkannt Flüchtlinge gëllt exklusiv fir Lëtzebuerg. Si mussen dowéinst onbedéngt eng Wunneng hei am Land fannen a kënnen net iwwer d’Grenz liewe goen. Dofir gëtt et de Phenomeen vun de Bréifboîte-Adressen, net nëmmen an eiser Finanzwelt, mee och um Wunnengsmaart. Fiktiv Adressen zu Lëtzebuerg gi gehandelt, mat Beträg vun 300 bis 500 €/Mount fir eng Adress.

Eng Schan!

D’Gesetz seet, et mussen 9m2 pro Persoun an enger Wunneng virgesi sinn. Trotzdeem liewe vill akommesschwaach Familljen a katastrophale Konditiounen, wat besonnesch dramatesch fir d’Kanner ass. Als Sous-Locataire a miwweléierten, oft fiichten an onhygieeneschen a vill ze klengen Zëmmere liewe si iwwer Caféen oder a Kelleren a bezuelen exorbitant Loyeren - bis zu 1.000 € fir 10 Meterkaree. A wann den Haaptlocataire säi Loyer dem Proprietär net bezilt, sinn d’Sous-Locatairë gesetzlech net geschützt. Si ginn dann op d’Strooss gesat.

Verschidde Gemenge refuséieren, nei Awunner bei sech anzeschreiwen, deenen hir Adress an engem Eefamilljenhaus ass, wou schonns e Stot wunnt, egal ob dat eng Persoun eleng ass oder et méi Persoune sinn. E Certificat vum Proprietär, dee bestätegt, dass een do wunnen däerf, muss bei der Umeldung op der Gemeng mat agereecht ginn. Allerdéngs kasséiere verschidde Proprietäre gären de Loyer, refuséieren awer aus steierleche Grënn e Certificat auszestellen. Skrupellos Patronen notzen dat och aus a bidden Aarbecht mat Kascht a Logis, wat dann zu Mënschenhandel féiert. Tëscht 2013 an 2022 goufen offiziell 112 Fäll vu Mënschenhandel zu Lëtzebuerg aktéiert - mat enger Donkelziffer, déi wäit driwwer leien dierft.

E Wunnsëtz ass hei am Land d’Grondviraussetzung fir d’Liewen an d’Schaffen. De Mangel un abordabelem Wunnraum bremst ëmmer méi d‘Immigratioun vun akommesschwaache Mënschen zu Lëtzebuerg. Den Artikel 25 vun der Mënscherechtsdeklaratioun gëllt zu Lëtzebuerg definitiv net.

Back to Top
CIM LOGO