
All schwéieren Accident féiert dozou, dass duerno Froen iwwer d'Sécherheet gestallt ginn. Dat ass verständlech an berechtegt. Sou war et och no deem trageschen Accident an enger Klammhal d'lescht Woch zu Zolwer. Et huet net laang gedauert an d'Fuerderung ass gestallt ginn, dass et méi streng Reegele bräicht. Mee déi allerstrengste Reegele wäerten de Risk ni komplett eliminéierten.
Mir liewen an enger Zäit, an där Sécherheet grouss geschriwwen gëtt. Alles, wat een Impakt op eis als Gesellschaft huet, soll gereegelt, norméiert a kontrolléiert ginn. Mä absolut Sécherheet gëtt et net. Net am Verkéier. Net op der Aarbecht. Net um Fiels. An och net an enger Klammhal.
Klammen ass keng Aktivitéit, déi duerch Zoufall populär ginn ass. Vill Leit sichen an deem Sport eppes, wat am Alldag rar ginn ass: Verantwortung fir sech selwer iwwerhuelen an Entscheedungen assuméieren. Ech klammen selwer ganz vill zanter Joren a kennen d'Risiken, déi ech bereet sinn, anzegoen. Wann ech an enger Route klammen, da vertrauen ech op mäi Material, op mäi Klamm-Partner oder meng Klamm-Partnerin, op meng Erfarung a virun allem op mäin eegent Urteelsverméigen. Dat ass net nëmmen e sportlechen, mee och e mentalen Akt. De Philosoph John Stuart Mill huet geschriwwen, datt d'Fräiheet vum Eenzele just do dierft begrenzt ginn, wou hien oder hat schiedlech fir anerer gëtt. Doraus ergëtt sech a mengen An, dass de Mënsch och muss d'Recht hunn, Risiken anzegoen. Soss bleift vun der Fräiheet net vill iwwreg.
Et ass keen Zoufall, datt Adventure-Sportaarte boomen. Trail-Lafen, Alpinismus, Boulderen a Klammen, Mountainbike, Kajak... Jee – ëmmer méi Leit sichen Erfarungen, déi net komplett kontrolléierbar sinn. Genee dat mécht de Reiz aus. Wann all Risiko duerch nei Reegelen a Verbueter neutraliséiert gëtt, verléiert den Adventure-Sport e Stéck vu senger Essenz. Da bleift nach Beweegung iwwreg, mee net méi d'Aventure. Dat heescht awer elo net, dass ech net op Sécherheet setzen. Au Contraire. Et gëllt de Maximum u Sécherheet ze sichen, fir säin Sport esou sécher wéi méiglech ëmzesetzen, well soss mécht een et net ganz laang.
Deementspriechend: Natierlech soll ee Formatioune maachen, fir ze wëssen, wéi ee sech richteg séchert an all Kéiers de Partner-Check maachen. Natierlech sollen Halen héich Sécherheetsstandarden hunn – wat och de Fall ass. Natierlech soll een en Helm droen, op deene Plazen, wou et néideg ass. Nämlech dobaussen um Fiels wou de Steinschlag, also Steng déi vun uewen eroffalen, een ëmmer méi grousse Problem ass. Wann awer aner Leit decidéieren, keen Helm wëllen unzedoen, da soen ech mir, dass dat hiert gutt Recht ass. Eng Helmflicht fir jiddereen an all Situatioun géif nämlech en anere Prinzip aféieren: nämlech d'Iddi, datt de Staat, d'Responsabel vun der Hal oder d'Gesellschaft besser wéi den Eenzele weess, wéi vill Risiko akzeptabel ass. Well eng fräi Gesellschaft zeechent sech net doduerch aus, datt si Alles verbitt. Si zeechent sech doduerch aus, datt si de Leit zoutraut, informéiert Decisiounen ze huelen.
Fir mol en anert Beispill ze huelen: Huet iergendeen Radar am Stroosseverkéier dofir gesuergt, dass mer bei der Visioun Null Sinn, also keen Verkéiersdoudegen méi? De Mënsch mécht Feeler. An et ass paradox, well wat mir méi probéieren, all Gefor auszeschléissen, wat mir méi d'Illusioun schafen, dass d'Gefor verschwonne wier. Dat ass se awer net. Et kann een en Helm droen oder sech ustrécken an trotzdeem déidlech accidentéieren. Et kann een all Virschrëft respektéieren an trotzdeem blesséiert ginn. D'Liewen ass net komplett z'assuréieren. An dofir halen ech et mam Erich Kästner:
"Wird’s besser? Wird’s schlimmer? fragt man alljährlich. Seien wir ehrlich: Leben ist immer lebensgefährlich!"