Commentaire vum Marc HoscheidKuckt d'Futtball-WM roueg ouni schlecht Gewëssen

Marc Hoscheid
A sengem Commentaire beschäftegt sech de Marc Hoscheid mam u sech sportlechen Highlight vun dësem Joer an der viller Kritik, déi et dozou gëtt.
© RTL

Dësen Donneschdeg ass et sou wäit, den Owend ass zu Mexiko-City am Aztekenstadion d'Ouverture vun der Futtballweltmeescherschaft. Am Virfeld vum Turnéier, deen nieft Mexiko nach a Kanada an den USA ausgedroe gëtt, ass méi dacks d'Fuerderung no engem Boykott ze héieren, virop wéinst der politescher Situatioun an den USA. Ma bei all deem Misär op der Welt soll een op mannst ouni schlecht Gewëssen dierfe Futtball kucken, fënnt op mannst de Marc Hoscheid an engem Commentaire.

Kuckt d'Futtball-WM roueg ouni schlecht Gewëssen / Commentaire Marc Hoscheid

An, hutt Der Äre Panini-Album scho gutt gefëllt oder sidd Der weder bereet Dausenden Euro auszeginn nach wierklech motivéiert, fir permanent ze tauschen? Vläicht sidd Der awer och einfach nach net an der richteger WM-Stëmmung, woubäi sech d'Fro stellt, ob een net am Fong souwisou an de Bing gehéiert, wann een dës Futtballweltmeeschterschaft kucke wëllt.

Ëmmerhi gëtt ee groussen Deel vun de Matcher an den USA gespillt, an do ass jo dee béise Mann mat der oranger Haut an de gielen Hoer aus Bëtong um Rudder. A wien op New York oder Miami oder Seattle flitt an do ee Match kuckt an iere souguer eng Cola drénkt an ee Burger ësst, an am Fong och wien d'WM vu Lëtzebuerg aus op der Tëlee kuckt, deen ënnerstëtzt op d'mannst indirekt de Krich am Iran oder dem Trump seng Asylpolitik. Dat schéngen op d'mannst verschidde Leit ze mengen, déi ee Boykott vun der WM fuerderen an dobäi op déi politesch Situatioun an den USA verweisen.

Vläicht ass et awer mëttlerweil och einfach d'Muecht vun der Gewunnecht, scho bei der WM 2022 am Katar war ee Boykott gefuerdert ginn, virop wéinst den extrem schlechten Aarbechtskonditioune beim Bau vun de Stadien. Och 2018 bei der WM a Russland war et de Ruff no engem Boykott, deemools wéinst der Annexioun vun der Krim an dem Konflikt an der Ostukrain. A béide Fäll war d'Kritik zwar gerechtfäerdegt, mee och ouni WM hätt et déi selwecht oder änlech Problemer ginn. Et ass jo net sou, datt am Katar d'Aarbechtsmigrante wéinst der WM schlecht behandelt goufen, mee trotz der WM. Wa se keng Stadien hätte musse bauen, wiere se wuel op anere Chantieren an den Asaz komm. Et war esouguer ze héieren, datt d'Konditioune wéinst der internationaler Opmierksamkeet op d'mannst e bëssi besser gi sinn. An de russesche President Wladimir Putin hätt seng Truppe kaum aus der Ukrain zeréckgezunn, well him säin Optrëtt op der grousser Futtballbün méi wichteg gewiescht wier.

Da gëtt et zousätzlech bei gefillt all Turnéier nach d'Kritik, datt alles ëmmer méi deier gëtt, notamment d'Entréesticketen, an et jo souwisou just nach ëm d'Sue geet. Ma sou laang Honnertdausenden oder Millioune Leit bereet an à même sinn, déi Präisser ze bezuelen, schénge se jo net ze héich ze sinn. A wann et sech fir d'Sponsore rentéiert, ass et jo och normal, datt déi an de Futtball investéieren. Ech froe mech just, ob genuch Geld bei de Spiller ukënnt, déi jo ëmmerhin d'Haaptacteure vun deem ganze Spektakel sinn.

Onofhängeg vun deene konkrete Kritikpunkte stellt sech generell d'Fro, a wéi wäit deen Eenzelen ëmmer analyséiere muss, ob all nach sou kleng Handlung vun ëm moralesch einwandrei ass. Et gëtt jo där Leit, déi zum Beispill soen, ech drénke kee Kaffi, well soss kéint ech grad sou gutt d'Tréine vun deene Leit drénken, déi a Kolumbien op de Plantage schaffen. Mä op deen Eenzele wierklech ee spierbaren Afloss huet, déi Fro sief awer op mannst erlaabt, och wann ech natierlech d'Géigenargument kennen, datt sech ni eppes zum Besseren ännert, wa jidderee sou denkt an ni een den éischte Schratt mécht.

Ma an enger Zäit, wou mer op d'mannst gefillt vun enger Kris an déi aner rutschen an déi nächst ëmmer nach méi schlëmm ass wéi déi virdrun, fannen ech, datt een duerchaus d'Recht op e bëssi Oflenkung huet, ouni direkt ee schlecht Gewësse mussen ze hunn. Ee schéinen Nieweneffekt vum Sport ass jo och, datt een deemno wéi mol mat Leit an d'Gespréich kënnt, mat deenen ee vläicht politesch net sou op enger Wellelängt ass.

Ma sollt Iech dat alles net iwwerzeegen an Dir wëllt krampfhaft näischt mat der WM ze doen hunn, wier et eventuell keng domm Iddi, déi nächst Woche vill Zäit a Pizzeriaen ze verbréngen. Ech mengen d'Italieener hunn et am Moment aus iergendengem Grond net sou mam Futtball.

Back to Top
CIM LOGO