Commentaire vum Michèle SinnerDem Eric Thill seng Credibilitéit geet trotz Entschëllegung erof

Michèle Sinner
Den Direkter huet demissionéiert. Mee domat léise sech net all Probleemer am Centre national de l'audiovisuel. An och net am Kulturministère, seet d'Michèle Sinner a sengem Commentaire.
© RTL

Mat senger Demissioun de leschte Mëttwoch huet de Gilles Zeimet de Kulturminister den Eric Thill aus der Schosslinn geholl. De Minister huet sech entschëllegt, datt e bei RTL gesot hat, d'Klimawäerter an der Fotosausstellung "The Family of Man" zu Clierf, wiere just wärend "Minutten" a kritesche Beräicher gewiescht. Dat wier en Detail, op deem hie sech geiert hätt. Fir säi Courage, e Feeler zouzeginn, gouf hie vun der grénger Deputéiert Djuna Bernard gelueft. Dono huet de Minister e puer Mesuren annoncéiert, wat elo an der Family of Man soll besser gemaach ginn.

Tant mieux. Mee dat bedeit, datt de Minister wéinst enger Klimaanlag zu Clierf evitéiert, sech zu den anere Virwërf géint d'Direktioun vum CNA ze positionéieren, déi fréier oder aktuell Mataarbechter an de leschte Wochen a Méint erhuewen hunn. Déi huet de Minister als "perséinlech Meenungen" ofgedoen, änlech wéi hien dat scho bei de Virwërf géint d'Direktioun vun enger anerer Kulturinstitutioun gemaach hat: Dem Mudam.

Hei weist sech e Muster: Ganz egal wéi vill Leit, mat Beweiser, Alarm schloen, den Eric Thill stäipt d'Hierarchie an iwwerhëlt där hir Argumenter wéi hien am Fall vun der Family of Man selwer seet 1:1. Esou, wéi wann all déi aner Leit Daboe wären. Domat manövréiert e sech an en Eck, aus deem hien am Fall vun der Clierfer Klimaanlag bal selwer net méi erauskomm war.

Nogefrot, ass den Eric Thill incapabel ze soen, wat en dann amplaz vu "Minutten" wollt soen, op wéi engem "Detail" hie sech geiert huet. Dat leit do drun, datt en näischt wesentlech Aneres wollt soen: An der Chamber, an de Questions parlementaires sief et soss, huet hien a liicht anere Wierder dat nämmlecht gesot. Dofir konnt hien och nom Gilles Zeimet senger Demissioun keng aner Aschätzung ginn – hien hat ganz einfach keng.

Fir sech erauszerieden, huet hien op d'Analys vum Marc Baum vun déi Lénk verwisen, déi hien nach net gelies hat. Mee de Clou ass: De Marc Baum krut d'Donnéeën dofir jo vum Ministère. Do hätt een also duerchaus d'Méiglechkeet gehat, se selwer ze kucken – dofir muss een net Heizungstechniker sinn. Mee dat huet kee gemaach. Dobäi si véier Beamte vum Kulturministère am Comité d'accompagenement vum CNA, dorënner dem Eric Thill seng zwee iewescht Conseilleren. Och si hunn offensichtlech zu kengem Ament a Fro gestallt, wat den Direkter gesot huet. Wat solle sech d'Mataarbechter vum CNA also elo vun deem Comité erwaarden? Datt deen hir Doleancë seriö hëlt, wuel kaum.

Fir datt mer eis net falsch verstinn: Natierlech soll sech e Minister kënnen op d'Direktere vu senge Verwaltungen oder Institutioune verloossen. Mee wann ee sou vill Warnunge kritt, kann een d'Situatioun vläicht fir d'éischt méi genee kucken, ier een d'Leit als "Onzefriddener" abkanzelt, mam Risiko, datt se am Trapp fort ginn.

Säin "Iertum" elei ass och net déi éischte Kéier, datt den Eric Thill et mat de Fakten net esou genee hëlt. Der Chamber hat hien d'lescht Joer gezielt, de fréiere Mudam-President hätt ausdrécklech gefrot, datt säin Demissiounsschreiwes net géing verëffentlecht ginn. Dat war net wouer. Dofir krut dono en onbestëmmte Beamten d'Schold. Sou datt sech, lues awer sécher, d'Impressioun opdrängt, datt den Eric Thill gäre mol Iergendeppes seet, an der Hoffnung, datt dono Rou ass. Dat mécht de Mann net méi credibel. Mee vläicht ass et am post-fakteschen Zäitalter och naiv ze mengen, e Minister misst et mat engem almoudesche Konzept wéi der Wouerecht genee huelen.

Commentaire vum Michèle Sinner

Back to Top
CIM LOGO