
Zanter aacht Deeg ass d’Artemis-II-Missioun, fir ronderëm de Mound ze fléien, ënnerwee. D’Live-Iwwerdroung aus der Orion-Weltraumkapsel kann een en temps réel op Youtube kucke mat Erklärunge vun Houston. An et ass immens. Et ass, wéi wann de Mr. Science d’Futtballweltmeeschterschaft an den Dschungelcamp an engem géif kommentéieren. Mat enger extra Dosis Spannung an Drama wéinst dem Weltraumelement. Zanter datt d’Streaming-Plattformen déi linear Tëlee futti gemaach hunn, gëtt et kaum nach Evenementer oder Sendungen, déi esou e grousse Public kënnen amasséieren, datt do raus eng gemeinsam Erfarung gëtt, déi d’Gesellschaft verbënnt. Mee déi éischt bemannte Moundmissioun a Joerzéngten ass esou exzeptionell, datt se queesch duerch d’Plattformen e Milliounepublikum unzitt. Et ass eng kollektiv Experienz vu planetarer, wann net intergalaktescher Envergure, den Astronauten nozekucken, wéi si iessen, Sport maachen an z’entdecken, mat wéi engem Lidd si moies vun der Buedemstatioun waakreg gemaach ginn. Wéi si dat “Raumdëppchen”, mat deem se ënnerwee sinn, op der richteger Trajectoire duerch déi grouss Däischtert halen a gutt gelaunt d’Grenze vum technesche Fortschrëtt an der Wëssenschaft réckelen. D’Biller vun do uewe sinn eng Bouffée d’air frais tëscht de ville schlechten Noriichte vun hei ënnen.
Et ass immens beréierend, wéi kleng a fragil eis Äerd do dréint, wann d’Astronauten aus hire Lucken drop kucken. Duerch hir Ae gesinn, geheit déi Vue och de Rescht vun eis op d’Tatsaach zréck, datt mer all just e Stëbskär op engem Stëbskär am groussen Näischt, also komplett onbedeitend, sinn.
Ma nieft de grousse philosophesche Froen ass ee genialen Aspekt vun der Iwwerdroung, wéi “terre-à-terre” se ass. Wann net genuch Bandbreet do ass, fir ze senden, bleift den Ecran blo. Méi wéi een Dag huet bis elo mat der Fro ugefaangen, wéi d’Toiletten eidel gemaach ginn oder déi gefrueren Ofwaasser-Leitung entdeet gëtt - méi “real” geet net. Iwwerhaapt gesäit et an der Orion-Weltraumkapsel manner no Hightech oder Science Ficition aus, wéi no engem Camping-Trip an engem DIY-Mobilhome. Iwwerall hänke Leitungen a Kabele ronderëm, dotëscht d’Astronauten an hire Schlofsäck. Wann de Progrès esou handgemaach ass, kann e bal kengem Angscht maachen.
Ma och dowéinst mécht d’Artemis-II-Missioun gutt Laun: Well se justement weist, datt et an den USA nach fortschrëtts- a wëssenschaftsorientéiert Organisatioune ginn. Souguer staatlech finanzéierter. D’Besatzung vu véier Leit ass no hirem Merite ausgewielt, well se kompetent an intelligent ass – och dat ass eng agreabel Ofwiesslung vun der grasséierender Intellektuellefeindlechkeet respektiv vun der Tatsaach, datt pervers Räicher sech Sprëtztouren an de Weltraum leeschten. D’Crew besteet aus engem elengerzéiende Papp, enger Fra, engem Afroamerikaner an engem Kanadier, also engem méi léiwen Amerikaner. A sou erënnert d’Missioun un Zäiten, an deenen d’USA eis klengen Europäer als Virbild fir a Garant vu grousse Prinzippie wéi Fräiheet, Fortschrëtt a Fridde gegollt hunn – egal ob zu Recht oder onrecht.
Wärend d’amerikanesch Regierung an der Operation “Epic Fury” eng Joerdausenden al Zivilisatioun wëll zréck an d’Steenzäit bommen, huet d‘Crew vun der Artemis-II-Missioun hir Kapsel “Integrity” genannt, well Integritéit fir d’Fondatioun vu Vertrauen, Respekt, Éierlechkeet a Bescheidenheet steet. “Integrity"; sou mellt sech d’Kapsel an de Kommunikatiounen um Wee Richtung Mound. Do schéngt d’Welt wierklech nach esou an der Rei ze sinn, datt e gär géing mat dohi fueren.