De Commentaire vum Claudia KollwelterLand, Leit a Regierunge sinn net gläichzestellen!

Claudia Kollwelter
Wéi séier gëtt aus enger politescher Entscheedung e Virurteel géint e ganzt Vollek? Déi Fro werft d'Claudia Kollwelter am Commentaire vun haut op. Eng Regierung handelt, e Konflikt eskaléiert, eng Decisioun fält – an op eemol gëtt net méi differenzéiert
© RTL

Land, Leit a Regierunge sinn net gläich ze stellen!

Spéitstens zanter der russescher Invasioun vun der Ukrain gesi mer, wéi séier Verallgemengerungen entstinn. D’politesch Decisioune vun engem Regimm ginn op eemol mat engem ganze Vollek verbonnen. Och d’Mënschen, déi protestéieren, déi Angscht hunn, déi selwer ënnert de Konsequenze leiden, ginn dacks mat beurteelt, just wéinst hirer Hierkonft.

E ganz änlecht Bild gesäit een am Konflikt tëscht Israel a Palästina. Komplex politesch an historesch Hannergrënn ginn dacks op einfach Etikette reduzéiert. Aus Regierunge ginn “d’Mënschen”. Aus individuelle Schicksaler gi kollektiv Urteeler.

Och d’USA weisen dat ganz kloer. Eenzel Presidente prägen d’Bild vun engem Land esou staark, datt séier pauschal Aussoen entsti wéi “sou sinn d’Amerikaner”. Iwwer 300 Millioune Mënschen – all mat ënnerschiddleche Meenungen, Liewensweisen a Realitéiten – ginn esou op eng eenzeg politesch Linn reduzéiert.

An deem Moment, wou eng international Kris opkënnt oder politesch Spannungen eskaléieren, ginn d’Grenze séier net nëmme geographesch, mee och mental gezunn.

Esou Verallgemengerunge si bequeem. Si maachen eng komplex Welt méi einfach. Mee si sinn och geféierlech. Si ignoréieren, datt keng Gesellschaft homogen ass an datt vill Leit sech net mat den Decisioune vun hirer Regierung identifizéieren.

Politik ass komplex. Gesellschaften och. An trotzdeem gëtt dës Komplexitéit dacks op eng eenzeg Linn reduzéiert: D’Regierung vun engem Land sinn d’Leit vun deem Land. Eng Gläichstellung, déi esou awer net opgeet. Net all Bierger identifizéiert sech mat de politeschen Decisiounen, déi a sengem Numm getraff ginn. Net jiddereen huet iwwerhaapt d’Méiglechkeet, dës Decisiounen ze beaflossen.

Dës Zort vu Pauschaliséierung ass net nei, mee si schéngt sech an enger Zäit vu séieren Informatiounen an emotional opgelueden Debatten ze verstäerken. D’Konsequenz dovun ass eng Gesellschaft, déi ëmmer méi a Schablounen denkt, an där Virurteeler sech als Meenunge verkleeden, an an där et ëmmer manner drëms geet, ze verstoen – mee ëmmer méi drëms, séier eng Positioun anzeschloen.

Eppes geet dobäi awer verluer, wat eis Gesellschaft eigentlech auszeechne sollt: d’Fäegkeet, ze differenzéieren.

Et ass Zäit, dës bequeem Vereinfachung ze hannerfroen. Net well d’Welt einfach ass – mee genee well se et net ass. A well Mënschen ëmmer méi sinn ewéi d’Politik vun deem Land, an deem si zoufälleg gebuer goufen.

Back to Top
CIM LOGO