Commentaire vum Dany RasquéSchéi Wierder, batter Realitéit

Dany Rasqué
Fir Suen ze verdéngen muss ee schaffe goen. Dat dierften déi meescht vun eis esou als Kand geléiert hunn. Haut weess een, datt dat net déi ganz Wourecht war, kommentéiert d’Dany Rasqué
© RTL

E gerechte Loun a genuch fir ze liewen. Aarbecht muss sech lounen a rechnen! De Mindestloun: eng Garantie fir e mënschewierdegt Liewen.” Dat kéinte Sätz aus enger Ried fir den éischte Mee sinn, si se awer net. Et sinn Zitater aus dem CSV-Walprogramm.

De Commentaire vum Dany Rasqué

Et muss ee fairerweis soen, datt weder d’CSV nach d’DP eng strukturell Hausse vum Mindestloun versprach haten. Net virun de Walen an net dono. Si hate versprach – an esou steet et och am Koalitiounsaccord - de Mindestloun un d’Lounentwécklung unzepassen an net méi an net manner geschitt elo op den 1. Januar. Dat gëtt iwweregens schonn en halleft Joerhonnert esou zu Lëtzebuerg gehandhaabt an dës Kéier och zum Deel mat Steiergelder finanzéiert. Eng aussergewéinlech politesch Leeschtung ass déi Hausse awer net. Ervirhiewen – op positiv oder negativ ass jidderengem selwer iwwerlooss - muss een awer d’Manéier, wéi déi Hausse verkaaft ginn ass. Eng Upassung un d’Lounentwécklung plus eng Indextranche - déi all Salarié ze gutt huet - als Mindestlounhausse vun 6,3 Prozent ze feieren, dat ass staark. Et kéint ee mengen, domadder hätten d’Gewerkschafte méi wéi d’Hallschent vun deem kritt, wat se gefuerdert hunn, mä wäit gefeelt.

Et ass schwéier zu Lëtzebuerg dezent mam Mindestloun ze liewen”, huet och de President vun der Unioun vun den Entreprisen an eiser Dräierronn um Radio zouginn, mä dat heescht trotzdeem net, datt déi Betraffe esou fir hir Aarbecht bezuelt ginn, datt se zu Lëtzebuerg kënne liewen. Nee, schliisslech ginn et jo nach Hëllefe vum Staat, fir Leit mat enger klenger Paien. Ass dat dat mënschewierdegt Liewen?

40 Stonnen d’Woch schaffen – dacks net zu deene kamoudsten Zäiten an dacks kierperlech Aarbecht - an awer op Hëllef ugewise sinn. Wat mécht dat mat enger Gesellschaft, wann déi eng Leit no all Congé brong gebrannt aus der Vakanz zeréck kommen an déi aner Dag fir Dag musse rechnen, verzichten an hoffen. Hoffen, datt d’Wäschmaschinn hält, dat komescht Geräisch vum Frigo näischt ze bedeiten huet, d’Kanner net schonn erëm aus Kleeder a Schong eraus gewuess sinn an d’Bremse vum Auto et awer nach iergendwéi e bësse packen.

D’Entreprisë kämpfen an hunn och Problemer, klot d’UEL. Si nennt den Horeca-Secteur, de Commerce an d’Handwierk. Ass dat e Wonner, wann d’Zuel vun de potentielle Clienten ëmmer kleng gëtt? Bal all fënnefte lieft ënnert der Aarmutsgrenz, ëmmer méi Leit mussen iwwert d’Grenz plënneren, well se sech soss keen Daach iwwert dem Kapp kënne leeschten. An déi, déi eppes Klenges iwwereg behalen, ginn dat net onbedéngt fir en Iessen am Restaurant oder en neie Mantel aus. Si komme och méi seelen op d’Iddi, fir d’Stuff nei usträichen ze loossen oder d’Buedzëmmer frësch ze maachen. Se spuere fir méi schlecht Zäiten, well se wëssen, datt déi kommen.

Am DP-Walprogramm war mer och e Saz opgefall. Do steet mat dräi opgeschlossenen Tripartiteverhandlungen hätt een de Sozialdialog als Erfollegsmodell zu Lëtzebuerg gestäerkt. Dat stëmmt. Et war net ëmmer einfach, mä et huet um Enn geklappt, esouguer mat enger Koalitioun aus dräi Parteien.

An dunn... koum d’CSV an, ob gewollt oder net, an engem Rekordtempo war d’Relatioun mat de Syndikater zerstéiert. An dobäi wier et grad elo wichteg, mateneen ze schwätzen.

De russeschen Iwwerfall op d’Ukrain huet nach ëmmer Konsequenzen, de Cavalier seul vum Donald Trump am Iran kritt der nach méi, wéi mer eis elo virstelle kënnen, a mir si matzen an enger Logementskris, déi mer zënter Joerzéngte wëlle léisen, mä déi ëmmer méi schlëmm gëtt. An awer refuséiert de Premier dat Kriseninstrument aus der Geschierkëscht ze huelen, dat dem Land scho sou dacks duerch schwéier Zäite gehollef huet.

Trotz Demande vun de Sozialpartner a gutt gemengtem Rot aus der eegener Partei wëll de Regierungschef näischt vun enger Tripartite wëssen. Nach gëtt et eppes wéi soziale Fridden hei am Land, mä e gëtt ëmmer méi zerbriechlech. Vläicht wier et besser, elo dofir ze suergen, datt en erhale bleift, wéi iergendwann d’Schierbele mussen zesummen ze kieren.

Back to Top
CIM LOGO