Commentaire vum Marc HoscheidD'Politiker sollen ophalen, d'Responsabilitéit op anerer ofzewälzen

Marc Hoscheid
Nodeems se schonn zanter enger Partie Woche gefuerdert gouf, huet de Premier Luc Frieden gëschter annoncéiert, datt am Juni eng Tripartite organiséiert gëtt.
© RTL

Dat als Reaktioun op déi héich Energiepräisser an d'Gefor, datt an deenen nächste Wochen a Méint och vill aner Präisser nozéie wäerten. Dat ass nëmme richteg esou, well groussen a komplexe Problemer am beschte mat Mesure begéint gëtt, déi vun engem méiglechst breede Konsens gedroe ginn. Generell wier et awer och schéin, wann d'Politik et mol nees hikrit, selwer Decisiounen ze huelen an dozou ze stoen, mengt op d'mannst de Marc Hoscheid a sengem Commentaire.

De Commentaire vum Marc Hoscheid

Ech kéint lo hei eng ganz Partie Beispiller opzielen, mee aus Zäitgrënn beschränken ech mech op zwee. Ugefaange mat der Gemeng-Ierpeldeng-Sauer, wou de Gemengesekretär virgeworf kritt, datt säi Behuele bei engem groussen Deel vun de Mataarbechter fir Onzefriddenheet suergt. De Schäfferot huet mat béide Säiten an och mat Vertrieder vun der Gewerkschaft vum Gemengepersonal FGFC geschwat. Am Fong kéint ee mengen, datt sech esou ee Bild vun der Situatioun gemaach gouf an op där Basis eng Decisioun geholl kéint ginn. Ma gewass, vill méi besser gutt ass et, een externen Audit maachen ze loossen. Am Budget goufe mol 100.000 Euro dofir virgesinn. Net grad Näischt, mee wann dat de Präis dofir ass, datt een dono op een anere weise kann, wann d'Decisioun, déi ee geholl huet, net jidderengem passt, da kann een, also an deem Fall d'Ëffentlechkeet, dee roueg bezuelen.

Net op een externen Audit, mee op ee Comité d'accompagnement wollt sech de Kulturminister Eric Thill verloossen, fir ze klären, wéi et am CNA weidergoe soll. Do krut den Direkter Gilles Zeimet jo Harcèlement a schwéier fachlech Feeler virgeworf. Dee Comité d'accompagment hätt aus Leit bestanen, déi beim Staat schaffen an déi där Aufgab wärend hirer Aarbechtszäit nogaange wieren. Well een als Staatsbeamten am Zweiwelsfall jo souwisou näischt Besseres ze doen huet. Ma well de Gilles Zeimet vu sech aus als Direkter zeréckgetrueden ass, mussen déi Leit sech fir déi nächst Wochen a Méint lo eng aner Beschäftegung sichen, mat där se hir Paie rechtfäerdege kënnen.

Nieft dem Argument vun de Käschte spillt hei och dat vun der Zäit. Entweder d'Reprochë stëmmen, dann ass et soit fir d'Personal vun der Gemeng soit fir d'Personal vum CNA net gutt, wann d'Situatioun bleift wéi se ass. Oder d'Reprochë stëmmen net, da stinn déi viséiert Leit zu Onrecht ëffentlech an der Schosslinn.

A béide Fäll sief d'Fro erlaabt, ob et wierklech een extra dofir gegrënnte Gremium respektiv eng spezialiséiert Firma brauch, fir zu enger Decisioun ze kommen. Wier et net duergaangen, jeeweils déi zwou Klacken ze lauden, sech doriwwer Gedanken ze maachen, wat engem do vu wiem erzielt gouf an dann ze soen, dat do halen ech fir déi méi glafwierdeg Versioun?

Mat der Tripartite verhält et sech natierlech liicht anescht. Do ass et net der Politik hir Aufgab, enger Säit Recht ze ginn, mee ee Kompromëss tëscht Gewerkschaften a Patronat ze fannen. Datt dat extrem schwiereg dierft ginn, ass dem Premier Luc Frieden bewosst, net fir näischt huet en dat Format vum Sozialdialog sou laang wéi méiglech vu sech ewechgedréckt. Mee well et och tëscht Israel, den USA an dem Iran net sou richteg mam Dialog klappe wëllt, muss een elo liwweren. Ma well d'Tripartite keng Léisung, mee ee Format ass, wéi den CSV-Generalsekretär Alex Donnersbach mat senger ganzer Schaarfsënnegkeet festgestallt huet, besteet de Risiko, datt ee sech net eens gëtt. Bleift just ze hoffen, datt da weder ee Comité d'accompagnement an d'Liewe geruff, nach een externen Audit bestallt gëtt, mee d'Regierung selwer hir Responsabilitéit hëlt. An deem Fall ka se sech allerdéngs net hannert de Sozialpartner verstoppen. Dat erhéicht natierlech d'Motivatioun, fir zu engem Accord ze kommen. Heiansdo ass d'Angscht vun de Politiker, fir Responsabilitéit ze iwwerhuelen, dann awer net nëmmen eppes Schlechtes.

Back to Top
CIM LOGO