Commentaire vum Marlène ClementDe gëllene Käfeg verléiert u Glanz

Marlène Clement
De Grand-Duché deet sech schwéier Talenter aus dem Ausland op laang Dauer ze halen. Dat weist och den neie LUXTALENT-Rapport, deen Enn Mäerz publizéiert ginn ass. Eng Etüd vum LISER, déi de Wirtschaftsministère zejoert an Optrag ginn huet. Bal een Drëttel vun de Leit, déi aus dem Ausland op Lëtzebuerg schaffe kommen, verloossen de Lëtzebuerger Aarbechtsmarché nees no engem Joer. No fënnef Joer ass d'Hallschent fort. Et sinn Zuelen, déi awer net wierklech iwwerraschen, fënnt d’Marlène Clement an engem Commentaire.
© RTL

De Commentaire vum Marlène Clement

Déi nei Plattform “Work in Luxembourg”, een Talent Desk, ee “Spouse Programm"», Steiererliichterungen. D’Lëtzebuerger Regierung léisst sech vill afalen, fir nei Talenter aus dem Ausland unzezéien. An effektiv schéngt dee Plang nach ëmmer opzegoen: Bal 90 Prozent vun deene Leit, déi 2024 nei op den Aarbechtsmarché komm sinn, sinn net zu Lëtzebuerg gebuer. Schwéier deet sech de Grand-Duché allerdéngs wann et drëms geet, déi Leit och ze halen.

D’Argumenter vun engem gudde Salaire a Sécherheet eleng ginn nämlech à long terme net duer. Wie sech wëll am Grand-Duché néierloossen, mierkt séier, och mat engem gudde Salaire, gëtt et ëmmer méi schwéier dezent ze liewen. Eng Wunneng lounen ënner 1.500€ de Mount quasi onméiglech. Dofir gëtt et éischter en Zëmmerchen an enger WG. An da kommen nach Käschte fir en Auto dobäi. Ouni dee leeft een nämlech net wäit, wann een net grad an der Stad wunnt.

Fir ze verstoen u wat et feelt, lount sech och ee Bléck an d’Expat Insider-Etüd, déi all Joer kuckt a wéi enge Länner et sech fir Auslänner am Beschte schaffen, respektiv liewe léisst. An engem Ranking vu 46 Länner kann de Grand-Duché sech beim Salaire zwar iwwer Plaz 1 freeën, a bei der Sécherheet iwwer Plaz 2. Ganz anescht gesäit et dann awer bei de Fräizäitaktivitéiten aus oder wann et drëms geet Frënn ze fannen. Do packe mer et just nach op Plaz 38, respektiv 34.

An effektiv, wann um Kierchbierg Freides Owes déi lescht Luuchten an de Büroen ausginn, da verwandelt sech de Business Quartier an ee Ghost Town. An apropos gespenstesch... knapp ass Schoulvakanz, dann ass Lëtzebuerg hallef eidel. Ee Signal vläicht, datt och de Lëtzebuerger Residente de Plaffong op de Kapp fält, wa se net grad schaffen? D’Wallis ass mol nach net ausgepaakt, da gëtt schonn déi nächst Vakanz gebucht. Séier eraus aus dem gëllene Käfeg.

Och bei de Frontaliere schéngt Lëtzebuerg un Attraktivitéit ze verléieren. Op d’mannst emol bei däitschen a belschen Noperen. Laang Trajeten, vill Stonnen am Stau, ee mëttlerweil manner groussen Ënnerscheed am Salaire, an elo nach héich Spritpräisser, do iwwerleet ee sech zwee Mol ob et sech nach lount sech ze deplacéieren.

Kloer, de Problem vum Logement oder vum Stau kréie mer net vun haut op muer geléist. Bei de Fräizäitaktivitéiten oder de soziale Kontakter ass dat awer eng aner Saach. An dofir muss een net mat London oder Paräis konkurréieren. Kleng Stied ewéi Utrecht oder Basel maachen et vir. Social Hubs fir Kontakter ze knäppen, ee botanesche Gaart, oder ee Restaurant an enger Kierch, déi eidel steet. Oder wéi wier et zum Beispill mat enger oppener Schwämm an der Haaptstad ? Jo, dat gouf et emol eng Kéier viru 50 Joer. An dat soll et och nees ginn, gouf emol versprach... Jee. Iddie ginn et vill. A vläicht maachen dann och nees méi Leit Vakanz doheem, och ouni Lockdown.

Back to Top
CIM LOGO