
Wat war dat e Gedeessems, deemools, mat de Bijouen an dann, mat deem Bësch. Mir erënneren eis: hätt hie gewosst, wat d'Iwwerleeung, de Gréngewald ze verkafen, beim Vollek un Emotioune géing ausléisen, bedauert de Grand-Duc Henri 2010 an engem Interview. Hätten an haten, bon, dat ganzt goung gutt aus, an de Gatter op. Fir just nëmmen 1 symboleschen Euro d'Joer duerft op eemol net just deen, deen op eng Juegd invitéiert war, duerch de royale Bësch lafen. De Gréngewald a seng 850 Hektar waren a sinn zënter 2009 do fir eis all a bleiwen dat, à priori, och nach bis den 1. Februar 2034. Mee mole mer den Däiwel net un d'Wand!
Et ass de Staat, méi präzis d'Naturverwaltung vum Ëmweltministère, déi sech zënter 17 Joer ëm de Gréngewald däerf këmmeren, fir säin Entretien opkënnt, an en dierf nohalteg bewirtschaften. Wuel net "comme il faut", well et gëtt schonn eng spezialiséiert Firma ernimmt, déi iwwerhëlt, e Büro aus dem Beräich vun der professioneller Forstwirtschaft.
D'Revenuen aus der Bëschaarbecht sollen an d'Fondatioun vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse afléissen – déi géif nämlech ëmmer méi sollicitéiert. Suen also fir déi Aarm, engersäits, mee dann och fir déi Gestressten, déi – Trend aus Japan – dann hei kënne "Waldbaden". Investéieren an Zonen, déi de Besoinen no opgedeelt solle ginn, an an déi kënnt een iwwer besser Weeër, déi op eemol Nimm hunn, vun Notaablen aus der Monarchie. Fir un d'Dynastie z'erënneren a fir si an der Zukunft weider liewen ze loossen, sou d'Argumentatioun a virun allem fir dass kee vergësst, dass en, par la grâce – nee! net par la grâce de dieu, mee well den Haff esou mëtschgieweg ass, dass en iwwerhaapt dierf e Fouss op deem seng Proprietéit setzen! Sou steet et - natierlech méi fein ausgedréckt - am Bréif vun der Administration des Biens vum Grand-Duc, un den Ëmweltminister, deen, 3 Méint nodeems dee Pabeier am Ministère ukomm ass, vun der Iddi vum Grand-Duc Guillaume näischt wollt wëssen! Mee net just hien ass eis géintiwwer aus alle Wolleke gefall, mee och de Vizepremier, deen een oder aneren Deputéierten, a souguer d'Maréchale de la Cour hat keng Äntwert.
Komesch, well u sech gefält engem dës Demarche; den Haff gesäit an, dass e sech selwer ëm dat muss këmmeren, wat him gehéiert, amplaz de Staat, also de Steierzueler dofir opkommen ze loossen; de Guillaume korrigéiert heimat e Feeler vu sengen Elteren, kéint een denken. Als gudde Scout intresséieren hien net nëmmen d'Mënsche mee och d'Natur a souwisou wier jo deen Ament alles fir e gudden Zweck! Also firwat mat dëser Nouvelle hannert dem Bierg halen, freet ee sech.
An dann nerven een awer esou Sätz wéi: Sech ëm säi Vollek bekëmmeren, wéi ee sech ëm e Bësch këmmert; oder dass Panneaue sollen opgeriicht ginn... "rappellant que cette forêt privée est mise à disposition du public"... Also an engem Pressecommuniqué hätt ee sech bestëmmt aneschters ausgedréckt…!
Als Staat, also als deen, deen 2009 agesprongen ass, fir d'Kand aus dem Pëtz ze zéien, kéim ech mer domm vir... Wat ass de Problem ? Hu mer de Bësch verkomme gelooss? Ausgeraibert? Net genuch als Kuliss gebraucht fir organiséierten Zäitverdreif? Net genuch an déi puer Immobilien investéiert, déi souwisou un den Haff zréckginn, wann d'Konventioun net méi gëllt?
D'Opléisung kascht de Staat just de Revenu aus der Bëschwirtschaft, steet am Courrier... Esoulaang et eis, also de Bierger, net den Accès an en Deel vum Bësch kascht, net esou uerg! Mee am Fall wou d'Monarchie – an dat wier e richtege Boost fir d'Fondatioun - nom Opléise vun der Konventioun, op eemol awer de Bësch wéilt verkafen – hätt de Staat dann awer nach Virkafsrecht wéinst der Utilité Publique? A wéilt d'Regierung sech dat iwwerhaapt leeschten?
D'Monarchie kann et besser! Genee esou kléngt et... op alle Fall wier een an der Naturverwaltung net frou iwwer dat ganzt, heescht et hannert de Kulissen; am Palais ass ee warscheinlech och net "amused" iwwer den "Neen, net elo" aus dem Ministère. Egal wéi positiv a gutt gemengt dës "top secret"-Initiativ vum Grand-Duc Guillaume jo bestëmmt ass, d'Spréchwuert "Wéi een an de Bësch rifft, esou schaalt et zréck" gëllt net eleng fir d'Politik, mee och fir den Haff! An net nëmme fir d'Administratioun, mee och fir d'Maison du Grand-Duc, déi mat där Saach hei, näischt wëllt ze dinn hunn.