Commentaire vum Carine LemmerFir d’éischt d’Aarbecht, dann de Kampf

Carine Lemmer
Fir den 1. Mee gëtt manifestéiert an et gëtt gefuerdert. D’Gewerkschafte verdeedegen d’Aarbechtsrechter. Dat ass och richteg a wichteg. Mä tëscht de Rieden an de Gewerkschaftsfändelen däerf een awer d’Basis – d’Aarbecht u sech – net vergiessen, mengt d’Carine Lemmer a sengem Commentaire.
© RTL

De Commentaire vum Carine Lemmer

Dat hei ass kee patronatsfrëndleche Commentaire an och kee gewerkschaftsfeindlechen. D'Wourecht läit bekanntlech an der Mëtt. Also an der "gesonder Mëtt", tëscht den Extremer.
 
Den 1. Mee, den Dag vun der Aarbecht, ass e Feierdag. D'Cortègë gehéieren zwar der Vergaangenheet un, OGBL an LCGB feieren och trotz Union syndicale getrennt. Déi politesch Rieden an de kulturelle Familljeprogramm dominéieren um 1. Mee. De Kampf fir d'Rechter vun de schaffende Leit a fir sozial Gerechtegkeet, deen ass gläich bliwwen. Mä de Motor vum Lëtzebuerger Modell huet awer den Houscht.
 
Mir waren hei am Grand-Duché déi lescht Joren a Joerzéngte gewinnt, datt d'Beem an den Himmel wuessen: all Joer dräi Prozent méi Jobs, d'Betriber hu Leit gesicht an de Sozialstaat war quasi eng Selbstverständlechkeet, well d'ue jo erakomm sinn.
 
Zanter dräi Joer stagnéiert awer d'Beschäftegung. Mir dümpele beim Emploi nach bei knapp engem Prozent Wuesstem an dat och nëmmen, well de Staat nach Leit astellt. An der Privatwirtschaft gesäit et den Ament manner roseg aus. 
 
D'Aarbechtslosegkeet klëmmt a läit bei 6,3% an dat trëfft och déi méi Jonk a Leit mat engem Diplom, plus 17,6% bannent engem Joer méi Chômage fir déi héich Qualifizéiert. Haut geet et net méi duer, en Diplom an der Täsch ze hunn, fir mat oppenen Äerm empfaangen ze ginn. Et ass méi schwéier ginn, e Fouss an d'Dier ze kréien. 
 
D'Lëtzebuerger an d'Lëtzebuergerinne maachen iwwregens just nach ee Véierel vun de Salariéen aus. Bal d'Hallschent (47%) vun de knapp 500.000 schaffende Leit hei am Land si Frontalieren. Den traditionellen Aarbechtsmodell ännert. Vollzäit, e CDI a Büroszäite vu méindes bis freides gëlle just nach fir een Drëttel vun de schaffende Residenten. An da kënnt och nach d'KI, also déi Kënschtlech Intelligenz, dobäi. An den Iran-Krich an d'Inflatioun… An déi nächst Kris waart wa méiglech och schonn ëm den Eck. 
 
Et ass ganz wichteg, fir d'Aarbechtsrechter anzetrieden. Mä mir mussen och doriwwer schwätzen, wéi een d'Betriber stäerkt, fir datt investéiert gëtt a Leit agestallt ginn. Well ouni Job gëtt et näischt ze verteidegen. D'Tripartite gëtt hoffentlech vun alle Säite genotzt, fir iwwer eng Rei Problemer ze diskutéieren. A se unzegoen. 

Back to Top
CIM LOGO