
Am Supermaart ass alles drop ausgeluecht, datt et séier geet an dat besonnesch wann ee seng Wueren an der Keess selwer ka scannen an dann alles mat der Kreditkaart bezilt.
Dat ass awer guer net einfach fir eeler Matbierger, fir Leit, déi un Demenz leiden, oder da fir Leit, déi Liesschwieregkeeten hunn. Dat ass hinnen ze komplizéiert a si verdroen och net gutt, wa si an der Keess d'Gefill kréien, si géifen déi aner Clienten ophalen. Si brauche méi laang, fir hir Wueren op d'Band ze leeën a fir se herno anzepaken. Besonnesch beim Bezuelen hunn déi Leit vill Zäit néideg, fir entweder hir Kreditkaart ze fannen an ze gebrauchen, oder da fir dat néidegt Boergeld zesummen ze bréngen.
Fir deene Leit entgéint ze kommen, huet een hollännesche Supermaart eng extra Keess geschaaft*. Hei kréien déi betraffe Clienten Zäit, fir hir Akeef op d’Band ze leeën, se herno anzepaken an da fir hir Rechnung ze bezuelen. Och ass d'Personal geschoult, fir mat hinnen ze schwätzen a se ze beroden. A Japan goufen änlech Initiative geholl**. Dat kléngt vläicht harmlos, mee et dréit derzou bäi, datt déi Leit et vill méi liicht hunn, fir weider autonom ze bleiwen. Et ass eng wichteg Aktioun am Geescht vun enger inklusiver Gesellschaft.
Op engem anere Plang hunn eng Rei Radiosgesellschaften am däitschsproochege Raum eng Diffusioun vun Noriichten agefouert an einfacher Sprooch***. Do geet et drëms, déi wichtegst Informatioune vum Dag duerch ze ginn a kuerze Sätz an ouni Gebrauch vu komplizéierte Wierder. Och ginn déi Noriichte méi lues virgedroen, fir et de Nolauschterer ze erlaben, méi einfach matzekommen.
Dës Initiativ huet als Zil, de Leit entgéint ze kommen, déi Sproochschwieregkeeten hunn. Et gëtt leider ganz vill Mënschen, déi et net liicht hunn am Liewen, fir nei Informatioune matzekréien an ze begräifen. Dat betrëfft virun allem funktionell Analphabeten. Déi kënnen zwar eenzel Wierder a kuerz Sätz liesen, mee kënne keng kohärent Texter verstoen. Och fir si sinn esou Noriichten an einfacher Sprooch ganz wichteg.
Net zu lescht sinn Initiative wéi speziell Keesen am Supermaart oder Noriichten an einfacher Sprooch wesentlech fir Matmënschen, déi un Demenz leiden. Hir Krankheet mécht et, datt se vill Schwieregkeete begéinen am deegleche Liewen. Si gi méi lues a ginn dann oft belächelt, wat déi Mënschen dann och spieren a weider veronséchert. Si ville sech ausgeschloss a fänke fréi un, sech ze isoléieren, well hinne villes ze séier geet an ze komplizéiert ass. An duerfir si mir all gefuerdert, hinnen entgéint ze kommen an dat ka mat ganz einfache Methode geschéien ****.
Michel MAQUIL
Fréieren Direkter vun der Lëtzebuerger Bourse
Fräie Wirtschaftsberoder