De Commentaire vum Roy Grotz“Je maintiendrai” – Aen zou a weider …

Roy Grotz
D'Gielercher si feierlech verdeelt, de schweessegen Nationalfeierdag ass zelebréiert an d'Freedefeier ass verpufft, lo preparéiert den Haff zu Colmer de Gaart fir convivial Partye mat killem Cremant a gehäerzte Schnittercher.
© RTL

De Commentaire vum Roy Grotz

Et wëll een d'Vollek begéinen, d'Unitéit zelebréieren an - dat ass eng Nouveautéit dëst Joer - d'Jugend an de Fokus stellen.

Dat huet de Guillaume de Fënneften ewell an der Philharmonie gemaach, wéi hie vun der néideger Transitioun geschwat huet, souwuel am Betrib vum Staatschef, mee och an de Käpp vun de Leit - eeben deene Jonken - déi net méi alles mat der Staatsform vun der Monarchie un ze fänke wëssen. Et muss sech bewisen ginn, mengt de Roy Grotz a sengem Commentaire an der Woch vu Nationalfeierdag ....

 Hie wëll als einfachen, buedemstännege Kärel eriwwerkommen, e gudde Copain mam Häerz um richtege Fleck - de Fëschber Jong, wéi et de Guillaume vu sech selwer seet - jo, hie wëll net iwwerhieflech dohierkommen, gutt gelaunt, mat Ironie a Witz sengem Géigeniwwer begéinen a beméit sinn, fir ëmmer nees op den Zesummenhalt vun eisem klenge fragillen, komplizéierte Communautéiten-Puzzle ze pochen, wou laang net jiddereen op der Träppche vum Vainqueur steet.

De Guillaume weess, datt hien eng vun de Legitimitéite vun der Famill Nassau aus dem rengen Zousproch vum Vollek zitt. Hie kënnt a kengem Beléiftheets-Sondage vir, muss net ëm Rankinge beméit sinn wéi eis dichteg Politiker an och net mat extravagante Kostümer um roude Teppech virun der Philharmonie optrompen, fir Gehéier ze fannen.

Et ass an der Diskretioun, wou den Haff sech situéiert - bei den offiziellen Optrëtter bei Staatsvisitten an ekonomesche Missiounen, wou d'Diere grouss opgerappt ginn, wann e Monarch an der Delegatioun tëscht de groen, faule Business-Kostümer eraus stécht.

De Guillaume a seng kleng sympathesch Famill bréngen dat fäerdeg - nach.

Si si gutt beroden, näischt vun der kleesperer Sympathie ze verspillen, déi hinnen entgéint bruecht gëtt, wéi zum Beispill duerch en net gefrot oder agefuerdert Opléise vun der Gréngewald-Konventioun vun 2009 - e Wonsch, deen direkt d'rout Kaart vun der Regierung krut - ëmmerhin geet et ëm den Droit de Superficie vun 850 Hektar Bësch, déi aktuell ouni Gatter accessibel stinn.

Ze frësch sinn nach d'Erënnerungen drun, wéi dee Bësch an d'Bijoue sollten vum Haff verkaf, respektiv versteet ginn, fir d'Cash-Keess am Palais op ze besseren - an dee Risk wëll keng Regierung méi agoen, fir esou penibel Debatte mussen aus ze bueden, déi deemools den Ufank vum Règne vum Grand Duc Henri verhonzt haten.

Nom Waringo-Rapport gouf de Fonctionnement vum Haff, dem Personal a senge Gidder gestrafft an op eng kloer Basis gestallt - en iwwerfällegen Akt, deen den deemolege liberale Premier Bettel gewëtzt an d'Weeër geleet hat, éier den Image de Marque vun der Monarchie riskéiert hätt, mat Vollgas an d'Mauer ze goen. D'Monarchie soll am Zam gehale ginn - an am beschten ënnert dem Radar seegelen, ausser e Fiichtgebitt oder Supp gëtt mat de Stiwwele besicht, e Lagerfeier vun de Scoute gëtt ugefaangen, eeler Herrschaften a Cipae kréie vum Prënz Charel gelaacht oder eng Rous gëtt ageweit - am beschten, ouni sech an d'Fanger ze schneiden oder ze picken.

Well Monarch sinn, ass eng delikat Missioun vun engem Seeldänzer, deen net ze vill dierf soen, ouni awer de Mond ze halen - de Guillaume huet dat gutt verstanen an aus de kollateralen Schied geléiert, déi hien um Haff a senge jonke Jore matgemaach huet.

Datt hie sech an der Zeremonie op Nationalfeierdag frou, jo bal begeeschtert driwwer sot, datt d'Tripartite zu engem Kompromëss-Resultat gefouert huet, ass eng seelen Exceptioun a gewot.

Domat mëscht sech de Staatschef net an d'Dagespolitik an, mee weist, datt hien drun interesséiert ass, datt d'sozial Kohäsioun klappt, well un dësem dënne Fuedem hänken hien a seng royal Famillje mat Prinzessinnen a Prënzen mat drun.

Bis ewell huet de Guillaume seng Charge einfach a modest gemeeschtert - mee e Règne ass e Marathon, mat Ups and Downs, an nom bossege Gréngewald-Intermezzo wäerten d'Spin Doctors hannert den décke Mauere vum Palais gemierkt hunn, wéi sensibel d'Leit op esou gelungen Aktioune reagéieren.

Mee déi nächst Joyeuse Entrée am Éislek steet jo scho virun der Dier an do hunn de Guillaume a seng Fra plus Prënzekanner nees Geleeënheet, Sympathie-Punkten ze sammelen.

Nom Escher Vëlos-Ausfluch wäert dann zu Ëlwen wuel en Tour mam Oldtimer-Trakter oder uewen um Ardennerpäerd un d'Rei kommen - a wann dat näischt notzt - nom Stanze vun der neier Euro-Mënz mam Portrait vum Grand-Duc ass hien an Zukunft bei jidderengem am Portmonni da ganz no verbonnen - trei der Devis "Je maintiendrai" - Aen zou a weider...

Back to Top
CIM LOGO