Commentaire vum François AulnerTripartite - En "Déjà-vu" an ëmmer méi schwierege Konditiounen

François Aulner
Op wat et an de groussen Zich op der Tripartite wäert erauslafen, schéngt dem Fränz Aulner am Commentaire vun en Dënschdeg zimmlech kloer ze sinn.
© RTL

De Staat wäert agräifen, fir d'Hausse vun de Energiepräisser ofzefiederen. Am Detail stécht den Däiwel a vläicht gëtt et puer kleng Iwwerraschungen. Um Enn wäerten d'Krisemesuren awer op en Neits näischt aneschtes sinn, ewéi temporär Plooschteren, déi déi fundamental Problemer ewéi d'Gemengenautonomie an de Manktem u bezuelbare Wunnengen no hanne verréckelen.

Commentaire vum François Aulner iwwert de Logement zu Lëtzebuerg

Fir d'Energiekris, déi den US-israeelesche Krich am Iran verursaacht huet, ofzefiederen, wäert et änlech ewéi viru véier Joer nom Ufank vum Ukrain-Krich goen. Erfält eng zweet Indextranche bannent 12 Méint, da gëtt déi zweet verréckelt oder temporär vum Staat iwwerholl. Bei den Energiepräisser gi Käschten oder Taxen temporär mat Steiergelder erofgesat. Fir net am Widdersproch ze sinn a just fossil Energie ze subventionéieren, gi Mesurë fir d'Energietransitioun och méi attraktiv gemaach. An da gi finanziell Mesurë fir Stéit mat niddrege Revenue nees no uewen ugepasst an/oder et gëtt e Steierkredit "Energie" rëm agefouert. De préférence gestaffelt, ewéi deemools 2022. Interessant gëtt ze gesi bis ewéi Joresgehalt et Hëllef wäert ginn.
 
Et gëtt e bësse Sträitpotenzial, mee gedriwwe vun der Gewerkschaftsunioun, der Oppositioun an de Sondagë wäerten CSV an DP keng onpopulär Decisiounen huelen an d'Staatskeess belaaschten.

Wéineg Handlungsspillraum wéinst Manktem u Wunnraum

D'Logementskris huet am Fong net just en negativen Effekt op d’Kompetitivitéit, mee och op d’Staatsschold. Jo well et ass de Manktem u bezuelbare Wunnraum, dee Paien opfrësst an zanter Joren de Staat bal zwéngt mat Scholden ze pléischteren, esoubal e Schock kënnt. Dobäi stinn am CSV-DP Koalitiounsaccord an de groussen Zich Saachen, déi eis dat deels kéinten erspueren.
 
Op éischter Plaz de Wëllen “méi a méi séier” ze bauen. Ze behaapten, d’Regierung hätt guer näischt gemaach, wier onéierlech: den Inneministère an de Logementsministère hu punktuell Ännerungen un de Prozedure fir déi allgemeng a spezifesch kommunal Bebauungspläng ënnerholl, respektiv op den Instanzewee bruecht. Se hunn den ominéisen Artikel 29bis fir méi abordabel Wunnenge méi intelligent kalibréiert. Aner administrativ Vereinfachunge sinn an der Maach.
 
Well d’Logementspolitik awer weider am Schiet vum Totem vun der helleger Gemengenautonomie steet, bleift de grousse Worf oder e massive Bau vu bezuelbare Wunnenge weider aus. D'kommunal Reflexer, déi de Nimby perfekt verkierperen, ewéi de Widderstand vun der Stater Buergermeeschtesch géint Tierm a géint Taxen op eidel Wunnengen, féieren dozou, datt d’Wunnengsoffer der Demande ni nokënnt. Kleng Bemierkung: Héichbau kann och schéi sinn a méi Densitéit an zentral Wunnen ass net just méi ekonomesch, mee och méi ekologesch.

De Mindestloun, d‘Loyeren an d'Plus-valuen

Esou onappetitlech et ass wa Leit, déi méi verdéngen, esou eng Hausse vum Mindestloun hannerfroen, esou muss een zouginn, datt et Argumenter dogéint ginn: de Patron, deen da Paie muss an d'Luucht setze ka just seng Marge kierzen oder d'Hausse un de Client weiderginn. Geschitt dat, da muss dee Mindestlounempfänger selwer och méi deier fir villes bezuelen. Donieft verléiere Leit, déi méi verdéngen hir Marge par Rapport zu deenen, déi nei ufänke mat schaffen.
 
Ma virum joerzéngtelaangen Echec am Logement bleift déi nei Fuerderung vun der Gewerkschaftsunioun, fir de Mindestloun ëm 300 Euro an d'Luucht ze setzen, awer legitim. Methodologesch Manövere fir de Mindestloun net musse méi an d'Luucht ze setzen, änneren näischt dorunner, datt ee weder mat 2.700 Euro Mindestloun, nach mat enger Paie vu 4.000 oder 5.000 Netto esouguer quasi d'Hallschent muss fir de Loyer oder Prêt op den Dësch leen. Oder auswandere muss, ausser et huet ee geierft.

Dezent Liewen däerf net wéinst dem politeschen Echec am Logement oder wéinst partikular Interessie sacrifiéiert ginn. Multiproropriétairen an d’Politik solle sech bewosst sinn, datt wann d'Ekonomie d'Baach ageet, well kee méi wëll oder kann hei schaffen, se selwer dann och net méi vill vu méi héije Loyeren oder Plus-Valuen hunn.


Back to Top
CIM LOGO