
Halleluja: D’Astronauten vun der NASA si gesond an onbeschiedegt vun hirer Missioun ronderëm de Mound zeréck!
Artemis I an Artemis II – eng Erfollegsgeschicht sondergläichen.
Nächst Destinatioun: de Mars, mam Mound als Zwëschenstatioun.
Während hei ënnen, op eisem wonnerschéine „bloen Planéit“, eigentlech e Paradäis, alles aus dem Gläichgewiicht geréit, leeschte mir eis eng bemierkenswäert Form vu Realitéitsverloscht: Neid a Ressentimenter huelen zou, d’Duplizitéit an d’Hypocrisie ginn zur Norm mee, trotz all deser technologescher, irrationaler Komplexiteiten, verfollegt d’NASA hir ambitiéis Objetiver: No 1972 erëm e Retour op de Mound, eng Onmass nei Missiounen an, op laang Siicht, souguer eng Exploratiounsphas vum Mars. Milliounen ginn investéiert, international Partnerschaften kreeiert, an jiddfer technesche Fortschrëtt gëtt als gemeinsamen Succès presentéiert.
Mee, trotz spektakulärster Biller aus dem All, kënne mir des Realitéiten, besser gesoot Absurditeiten, net verstoppen: Konflikter, spréch Kricher, huelen zou, politesch a sozial Spannungen wuessen onendlech, an eng Welt, déi sech eréischt viru Kuerzem vun enger onvirstellbarer Pandemie „erholl“ huet, schengt demnächst ze zerbriechen.
Nonobstant riichte mir eisen Bléck no Uewen: Eng Artemis-Missioun follegt der nächster, Sonden si schonn ënnerwee Richtung Mars, an nees fléissen Milliounen an e geplangte Retour op de Mound.
Geprägt vun enger gewësser Arroganz an enger, heiansdo, markanter Doppelmoral, musse mir eis d’Fro stellen, ob d’Vernunft eis iwwerhaapt nach wierklech leet oder ob mir am Fong, duerch Geltungsdrang a Muechtstriewen ugedriwwen, ëmmer manner bereet sinn, de Realitéiten op „onsem“ Planéit an d’Aen ze kucken.
A genau doranner läit déi eigentlech Tragik vun eiser Zäit:
Mir sinn amstand, no de Stären ze gräifen, mir bréngen et fäerdeg, ronderëm de Mound ze fléien an muer vläicht de Mars z’erreechen, mee dei dringendst Probleemer op „onsem“ Heemecht–Stär ze leisen, dofir feelt eis net nëmmen d’Kompetenz, mee virun allem de Wëllen.