Georges SchranzLiewen a Stierwen ?

Lieserbréif vum Georges Schranz
© RTL Grafik

Am Kontext vun der Euthanasie siew un dee Fall vun enger jonker 25-jähreger Fra aus Barcelona, d'Noelia, erennert, dei an engem ëffentlechen Interview ugekënnegt haat, dass si d'aktiv Stierfhëllef ugefrot huet. No der Zoustëmmung vun enger medezinescher Kommissioun an der Validatioun vun der Justiz gouf hire Wënsch erfëllt.
An engem Interview sot si ënner anerem: „Ech halen dat alles net méi aus. Ech hu keng Kraaft méi a wëll einfach am Fridde goen an ophalen ze leiden."

Während d'Euthanasie hei zu Lëtzebuerg zanter 2009 nëmmen ënner strengste Viraussetzungen an engem kloer gereegelte gesetzleche Kader erlaabt ass, ass se a Spuenien zanter 2021 ënner anere Bedéngunge legal. Dëse Fall steet beispillhaft fir eng Entwécklung, déi ëmmer méi siichtbar gëtt: Ëmmer méi jonk Leit gesi sech fréi mat existenzielle Froe konfrontéiert. Am Kontext vun der Euthanasie weist sech eng Generatioun, déi och Themen usprëcht, déi laang als Tabu gegollt hunn.
D'Euthanasie werft fundamental Froen op - iwwer d'Autonomie, iwwer d'Leed an iwwer déi rechtlech a moralesch Grenzen vun eisem Handelen. Och an deene Länner, wou se erlaabt ass, huet d'Ouverture vun dësem Debat keng einfach Äntwerten bruecht.

Déi aktuell Diskussiounen - iwwer d'Palliativmedizin, iwwer d'Zoustëmmung an iwwer d'Roll vum familiären Ëmfeld ënnersträichen d'Komplexitéit vum Thema. Si féieren zu engem ironesch-makaberen Constat: „Eist Liewen ass begrenzt, den Doud ass ouni Enn."

D'Natur huet all Liewewiesen mat engem immens staarken Selbsterhaltungstrieb ausgestatt. Och de Mënsch mécht do keng Ausnam. Wär et anescht, da wär eng suicidäer Menschheet - dee ganze Misère op dësem Planéit betreffend - scho laang ausgestuerwen.

An dach stellt sech a bestëmmte Situatiounen eng schwiereg Fro: Gëtt et - trotz aller „Iwerliewensgènen“ - e Punkt, wou d'Enn vum Leed eng Erléisung as?
Den débat tëscht Befierworter a Géigner gëtt dacks esou gefouert, wéi wann et doriwwer kloer Äntwerten géif ginn, mee de Gedanken vun enger „Erléisung" duerch den Doud bleift paradox! Ass et eng Befreiung, déi net méi bewosst erlieft ka ginn an Zynismus, op dëse Widdersproch hinzeweisen? Oder ass et éischter eng onbequem Wourecht, déi mir léiwer net wëllen héieren a mir stoussen un d'Grenze vun eisem Verständnis: Wa mir just gebuer gin fir ze stierwen - deen een méi fréi, deen aneren méi spéit - ass deemzufolleg d'Liewen eng eenzeg Stroof? A wien, wann net de Mënsch selwer, däerf iwert säin „Enn" entscheeden?

Fazit: On n’est jamais trop vieux pour apprendre de nouvelles façons de faire l’idiot: Sollt et wirklech eng „Resurrektioun" ginn, da wëll ech virdrun ëm meng Zoustemmung gefrot ginn!

Back to Top
CIM LOGO